Dépôt légal
Den Dépôt légal ass eng gesetzlech Verflichtung, déi sech un Editeure vu Publikatioune riicht, an doranner besteet, een oder méi Exemplaire vun deem, wat se publizéieren, an enger dofir bestëmmter Bibliothéik ze deponéieren. Dëst erméiglecht et dëser Bibliothéik, d'Publikatiounen an eng Nationalbibliographie opzehuelen; se ass och verflicht, dës Publikatiounen ze versuergen.
De System vum Dépôt légal ass 1537 a Frankräich agefouert ginn. Vill aner Länner hunn en am Laf vun de Joren a Joerhonnerten iwwerholl.
Zu Lëtzebuerg gëtt den Dépôt légal duerch e Groussherzoglecht Reglement vum 6. November 2009 gereegelt. Dëst verflicht all Editeur (oder Drécker) am Land, dee Publikatiounen dréckt oder reproduzéiert, je nodeems, tëscht engem a 4 Exemplairen der Nationalbibliothéik z'iwwerloossen.
Dorënner fale Bicher, Zeitungen an Zäitschrëften, mee och Postkaarten, geographesch Pläng, Affichen, Liddertexter a Fotoen a soss Konschtdréck, wann dës geduecht sinn, fir verbreet ze ginn. Net betraff vun deem Reglement sinn Impriméën vu Verwaltungen, Stëmmziedelen, Finanzpabeieren, Handelsdrocksaachen, asw.
Zënter 2009 ënnerleien och zu Lëtzebuerg publizéiert Internetsiten dem Dépôt légal.
Literatur [änneren]
- Jean-Marie Reding: "Präventivzensur oder Sekundärkontrolle: Zur Einführung des Dépôt légal vor 50 Jahren." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.2/9. Januar 2009, S. 13-14.
Um Spaweck [änneren]
- Règlement du dépôt légal, Auszuch aus dem Mémorial A Nr 66 vum 1. September 1992
- Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 relatif au dépôt légal. Mémorial A – N° 225, 26 novembre 2009, p.3938-3941.
- Praktesches iwwert den Dépôt légal um Site vun der Nationalbibliothéik