Dëlpes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Dëlpes ass e pejorativen Ausdrock fir en onbehollefe Mënsch.

[änneren] Den Numm

De Begrëff Dëlpes huet seng Originnen am Ungareschen. Do heescht et talpas an et bedeit "ee mat breede Féiss".
Nodeems dat Wuert sech an der Form vun "Tol(l)patsch" am Däitschen agelieft hat, gouf et am Lëtzebuergeschen als Dëlpes" adoptéiert.

D'Adjektiv ass dëlpesseg; den Zoustand gëtt Dëlpessegkeet genannt.

[änneren] De Volleksmond

An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock Dëlpesse fänke goe geleefeg. Dobäi geet et drëm, datt een, mat deem den Uz gedriwwe gëtt, mat soll goen, fir en imaginäert Déier ze fänken, bei der Juegd op dat hien de Sak soll unhalen.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen