Döner Kebab

Vu Wikipedia
Dönerfleesch virum Grill

Döner Kebab, dacks zu Lëtzebuerg Kebab ofgekierzt, kënnt aus dem Tierkeschen döner - eppes wat dréit, a kebap - Grillfleesch, an ass mat dee beléiftste Kascht an der tierkescher Kichen.

Den Döner gëtt mat grousse marinéierte Fleeschrondele gemaach, déi, nodeem s'op e vertikale Spiiss gestach goufen, vun engem Säitegrill gebrode ginn. Dovu ginn dann no an no déi baussenzeg Couchë vun uewen no ënne mat engem laange Messer an dënnen Tranchen erofgeschnidden.

Eigentlech gëtt fir den Döner Kebab Hämmel- oder Lamfleesch gebraucht. Baussent der Tierkei sinn d'Dönere meeschtens aus Kallef- a Rëndfleesch.

Dat gebrodent Dönerfleesch gëtt meeschtens an engem Pidebrout oder als Dürüm-Variant, gemëscht mat kleng geschniddenem réie Geméis wéi Tomaten, Laitue, Kabes, Ënnen oder Mais, zerwéiert.

Um Spaweck

Commons: Döner Kebab – Biller, Videoen oder Audiodateien