D'Belle Époque
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Andy Bausch sengem Film. Fir aner Filmer a Bedeitungen, kuckt w.e.g. Belle Époque (Homonymie). |
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | D'Belle Époque | |
| Produktiounsland: | Lëtzebuerg | |
| Produktiounsjoer: | 2012 | |
| Dauer: | 98 Minutten | |
| Originalsprooch: | Lëtzebuergesch | |
| Equipe | ||
| Regie: | Andy Bausch | |
| Dréibuch: | Andy Bausch | |
| Kamera: | Carlo Thiel | |
| Musek: | Serge Tonnar a Georges Urwald | |
| Produzent: | Paul Thiltges Distributions | |
| Haaptacteuren | Vicky Krieps als Belle Gintare Parulyte als Betty Marco Lorenzini Myriam Muller Steve Karier als Batty Weber Serge Wolff Pitt Simon Ender Frings Tom Leick Jules Werner Frank Sasonoff Nilton Martins Max Thommes Jean-Paul Raths Fred Frenay Pol Hoffmann Henri Losch Finnur Dór Thordarson Gilles Soeder |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
D'Belle Époque ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.
En ass de 16. Mäerz 2012 an de Kinoen ugelaf.
Inhaltsverzeechnes |
Ëm wat geet et am Fim? [änneren]
De Film retracéiert, unhand vun Dokumenter an nogespillte Szenen, d'Zäit vun der sougenannter Belle Époque zu Lëtzebuerg.
Thematiséiert ginn, an engem Réckbléck vum August 1914 aus, ë. a. d'Arbed mat hiren neie Schmelzen, d'italienesch Immigratioun, d'Groussherzogin Marie-Adelaïde, d'Thermalbad Munneref, de John Grün, d'Schueberfouer, dem C. M. Spoo seng Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber, d'Entstoe vu politesche Parteien a Gewerkschaften, de François Faber, d'Fotografe Charles Bernhoeft a Batty Fischer, de Staatsminister Paul Eyschen, de „rouden Dokter" Michel Welter, de Päerdstram an de Jangli, d'Adolphe-Bréck, d'Schampesfabréck Mercier et Cie., d'Aline an den Emile Mayrisch, de Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912, de Michel Theato, déi éischt Foussballclibb, déi éischt Fligeren, d'Zeitunge vun deemools, dorënner Der arme Teufel, de Café Jentgen op der Place d'Armes, de Batty Weber, de Litty, dem Buffalo Bill seng Wild West Show, den Hauptmann von Köpenick, déi éischt Kinosbuden[1]>[2] ...
Soss [änneren]
2012 waren 1.700 Leit de Film an de Kino kucken.[3] E koum am Dezember 2012 op DVD eraus.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Fiche op ptd.lu
- "Den Kopf voll Kino." Reportage an Interview an glanzvoll, Herbst 2011, S. 40-43.
Referenzen [änneren]
- ↑ "La Belle Epoque vue par Andy Bausch". wort.lu, 21.07.2011 04:14, mise à jour 21.07.2011 08:06 Uhr
- ↑ Text zum Trailer op Youtube.com
- ↑ Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.