d'Lëtzebuerger Land

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
d'Entête (laangscht de Bord) 2009-2012 (riets) an zënter Mëtt 2012 (lénks)
Entête vum Land vun Ufank u bis den 11. Juni 1999 (uewen) a vun dunn bis 2009 (ënnen)

D'Lëtzebuerger Land ass eng Lëtzebuerger Wochenzeitung, déi ënnert dem Titel d'Letzeburger Land vum Carlo Hemmer gegrënnt gouf an den 1. Januar 1954 fir d'éischt erauskoum.

Den Titel gouf 1999 der neier Lëtzebuerger Orthographie ugepasst. Den Ënnertitel ass Unabhängige Wochenschrift für Politik, Wirtschaft und Kultur - Hebdomadaire politique, économique et culturel indépendant

Vun 1958 bis 1983 war de Léon Kinsch de verantwortlechen Editeur. Hien hat d'Zeitung vum Hemmer ofkaaft, wéi dësen Direkter bei der Europäescher Kommissioun gouf.

1983 goung se iwwer un d' Editions d'Letzeburger Land Sàrl, an 1986 un d' Fondation d'Letzeburger Land. Enn den 1980er/uganks den 1990er Joeen huet dës Participatiounen am Eldoradio an der Revue geholl.

Zënter dem 22. Juni 2012 huet d'Land, wéi et alt genannt gëtt, en neie Loock an affichéiert och grouss land um Titel, de "ganzen" Numm steet méi kleng driwwer.

Inhaltsverzeechnes

Zuelen [änneren]

Räichwäit [änneren]

2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 2,90 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d' Land gelies. 2006/2007 waren dat der 3,30%; 2007/2008 2,80% an 2008/2009 2,90%.[1] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[2] 2011 waren et 3,40 %[3]

81% vun de Lieser si Lëtzebuerger a 65% hunn tëscht 35 a 64 Joer.

Oplo [änneren]

Dem Lëtzebuerger Land seng Oplo läit bei 7.500 Exemplairen, vun deenen enger TNS Ilres-Ëmfro aus dem Joer 2011 no all Nummer ongeféier 14.300 Lieser huet.[4]

Pressehëllef [änneren]

2011 huet d'Land 274 641 € staatlech Pressehëllef kritt.[5]

d'Ländchen [änneren]

d'Ländchen war eng Humoristesch-satiresch Säit vum Lëtzebuerger Land, de fact o déi lescht Säit, déi beim Nei-design 2012 ofgeschaf gouf.

D'Mataarbechter vum Land [änneren]

An der Redaktioun [änneren]

Fotoen [änneren]

Karikaturen [änneren]

Gedréckt gëtt d'Land, zënter et am Juli 2012 d'Format vum ale Luxemburger Wort iwwerholl huet, an der Dréckerei vu Saint-Paul Luxembourg. Virdru war dat an der Imprimerie Centrale s.a..

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  2. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  3. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  4. Imprimerie Centrale: Presentatioun vum Lëtzebuerger Land (gekuckt den 2. Juli 2012)
  5. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.