D'Perser

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Perser (gr.: Πέρσαι / Persai) ass eng vun de groussen Tragedie vum algriicheschen Auteur Aischylos. D'Stéck gouf 472 v. Chr. fir d'éischt Kéier opgefouert an zielt als eelsten Drama vun der Welt, wat nach erhalen ass. An D'Perser geet et ëm den Ënnergang vun der persescher Flott an der Schluecht vu Salamis aus der fiktiver Siicht vum persesche Kinnekshaff.

Dem Aischylos säi Wierk D'Perser berout op der historescher Néierlag vum persesche Grousskinnek Xerxes I. an der Schluecht vu Salamis am Joer 480 v. Chr., wou den Aischylos selwer op griichescher Säit dobäi war. D'Stéck, wat 472 v. Chr. fir d'éischt Kéier opgefouert ginn ass, krut bei den Dionysien den éischte Präis. Zesumme mat den Drame Phineus a Glaukos, déi haut verluer sinn, huet d'Stéck eng Trilogie gebilt.

D'Tragedie D'Perser gëllt trotz dem oppene Stolz iwwer d'Victoire als Beispill dofir, wéi och deen am Triumph geschloene Feind net erofgesat gi muss, mä duerch eng Spigelung vun der "Géigesäit" an der ganzer Tragik vu senger Néierlag ka gekuckt ginn. Net déi eegen Handlungen, mä d'Dote vun de Gëtter, déi duerch Frevel an Hybris rose gi waren, hunn d'Schicksal vum trageschen Held Xerxes entscheet, deem säi Vollek hei als Schwëstervollek ugesi gëtt.

Persai - D'Perser[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéck fängt mat engem Monolog vum Chouerféierer un, deen als Vertrieder vun de perseschen Adelege ausféierlech erzielt, wéi sech déi gewalteg Arméi vum Perserkinnek Xerxes I. op de Wee a Griicheland gemaach huet, fir d'Néierlag vu sengem Papp Dareios I. bei Marathon ze sühnen, an déi griichesch Stied sengem Räich unzeschléissen. Doropshi fält de Rescht vum Chouer an, an erzielt weider, mä net nëmme vun den éischte Victoire, mä och vun der Victoire iwwer d'Mier selwer - gemengt ass domat de Bau vun der Bréck iwwer den Hellespont, deen d'Äerddeeler Asien an Europa vunenaner trennt. Mä och d'Suerg vun de persesche Fraleit ëm hir Männer, déi an de Krich gezu sinn, gëtt ernimmt.

Elo trëtt d'Kinneksmamm Atossa, d'Fra vum verstuerwenen Dareios, op, déi de versammelte Chouer vun Adelegen ëm Rot freet. An engem Draam hat si zwou Schwëstere vum selwechte Stamm gesinn, déi eng a perseschem, déi aner a griicheschem Kleed, déi awer kuerz drop Sträit matenee kruten. De Xerxes huet an hirem Dram versicht, de Sträit ze schlichten, andeems hien allebéid viru säi Won gespaant huet. Déi eng Schwëster huet dëst ugeholl, déi aner Schwëster huet d'Seeler zerrappt, an de Won dovugeschleeft. Als Folleg dovun ass den Xerxes virun den Ae vu sengem Papp vum Won gefall, an huet sech därmoosse geschummt, datt hie seng Kleeder zerrappt huet.

Wéi d'Atossa doropshin de Gëtter en Affer brénge wëll, fir hire Jong ze schützen, gesäit si en Adler, deen ëmsoss versicht, sech beim Altor virun engem Héngerdéif ze verstoppen, a sech dësem dann ergëtt.

De Chouer réid hir, an Demut virun d'Gëtter ze trieden. Elo kënnt et zu engem Dialog tëscht der Atossa an dem Chouer, an deem si hie iwwer Athen a seng Traditiounen ausfreet. Si huet kee Versteestemech dofir, datt Athen anscheinend kee Chef huet.

Elo kënnt e Buet op d'Bühn, dee viurm Chouer an der Atossa vum Ënnergang vun der persescher Flott erzielt, deen nëmmen de Xerxes an e puer weider Perser iwwerlieft hunn. De Chouer fängt un ze lamentéieren, a schwätzt vum Leed vun de Mammen, de jonke Fraleit déi hir Männer verluer hunn, awer och vum Verloscht vun de Schëffer an der Flucht vum Herrscher. Souguer an Asien weigere sech d'Vëlker elo den Tribut ze bezuelen.

D'Atossa kënnt nees zréck op d'Bühn, fir mat der Hëllef vum Chouer hiren doudege Mann Dareios nees zum Liewen ze bréngen. Dësem ass et fir eng kuerz Zäit erlaabt, vun den Doudegen zréckzekommen. Am Gespréich mat der Atossa huet hien iwwer de Frevel vum Xerxes geklot, dee mat dem Bréckeshclag um hellegen Hellespont d'Mier a Kette fessele wollt, an doduerch de Gott Poseidon erausgefuerdert huet. Mä och d'Zerstéierunge vun Hellegtümer an d'Klaue vu Gëtterbiller hunn him net gefall. Hie bied trotzdeem, säi Jong wéi e Kinnek z'empfänken, a verschwënnt nees am Buedem.

No engem Lueflidd vum Chouer op de weisen Dareios, dee mat Asiicht a Gescheitheet regéiert huet, kënnt de Xerxes op d'Bühn. Hie beklot säi Schicksal a gesäit sech duerch e Gott selwer geschloen. Mat engem Lamento tëscht him an dem Chouer kléngt d'Stéck aus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource-logo.svg WikiSource: Franséisch Iwwersetzung vum Leconte de Lisle

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.