Den Neie Radio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) DNR)
Radio DNR ass eng lëtzebuergesch Radiosstatioun am AC-Format (Adult Contemporary) Zilgrupp 25-45, déi zënter 1992 vun der Société de Radiodiffusion Luxembourgeoise s.à r.l., déi zum Grupp Saint-Paul Luxembourg gehéiert, bedriwwe gëtt.
En ass a Lëtzebuerger Sprooch, riicht sech un de Grand public a gëtt op der UKW-Frequenz 107,7 ausgestraalt.