DT Hueschtert-Folscht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) DT Hueschtert Folscht)

Den DT Hueschtert-Folscht ass en Dëschtennisveräin an den Uertschaften Hueschtert a Folscht

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Dëschtennisveräi vun Hueschtert gouf 1972 gegrënnt. An den éischte Joren no der Grënnung huet de klengen Duerfveräi fënnef Joer noeneen den Opstig vun der fënnefter bis an déi éischt Divisioun gepackt.

Ufank vun de 90er Joren ass déi éischt Kéier den Opstig an d'Nationaldivisioun, déi héchst Spillklass am Dëschtennis zu Lëtzebuerg, gegléckt, an där de Veräi bis 1997 gespillt huet. An dëser Zäit huet de Veräin e puermol am europäeschen ETTU Cup gespillt, ënner anerem géint Lissabon a Saloniki. Déi bescht Plaz an der Nationaldivisioun war déi fënneft, an an der Coupe de Luxembourg huet de Veräin et ee Joer bis an d'Halleffinall gepackt.

1996 ass den Numm vun DT Hueschtert op DT Hueschtert-Folscht geännert ginn, well de Veräi seng Matcher zu Folscht am Kulturzenter ausgedroen huet.

2006 huet déi éischt Ekipp vum DT Hueschtert-Folscht op en Neits den Opstig an d'Nationale 1 gepackt, wou déi 8. Plaz ënner 10 Ekippen erreecht gouf. Fir d'Saison 2007/2008 huet de Veräin am Ganzen 10 Ekippen ugemellt an huet 35 Memberen. An der éischter Ekipp spillen de Philippe Grox, de Joël Decker, de Mihai Grigoreanu an d'Michèle Timmermann-Paler.

2010 spillt déi éischt Ekipp an der Nationale 2 an zielt do zu den Opstiegskandidaten. Et spillen Olivier Joannes (Belge), Philippe De Grox (Belge), Mihai Grigoreanu (Letzebuerger / Rumän) a Joel Decker (Letzebuerger).

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vum Veräin