Dafsteen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

En Dafsteen ass e sakralen Objet a Kierchen den zur Spendung vum Sakrament vun der Daf gebraucht gëtt. Meeschtens huet en d'Form vun engem Komp deen op engem ca. 1,5 m héije Sockel steet a mat Wäiwaasser gefëllt ass. D'Material kann aus Holz, Steen oder Metall sinn.

Et ginn 3 méiglech Emplacementer fir en Dafsteen an enger Kierch:

  • an enger Dafkapell, z. B. eng Nisch an engem Säiteschëff oder soss enger méi oder manner ofgetennter Plaz, z. B. an der Kierch um Houwald
  • direkt bei der Entrée (dës sinn haut meeschtens net méi am Gebrauch), z. B. an der Kierch um Belair
  • am Chouer, z. B. an der Kierch um Zens
Dafsteen an der Schlasskierch vun Altshausen (Däitschland)

Dacks gëtt d'Ouschterkäerz no bei den Dafstee gestallt.

Et gëtt och Dafsteng, déi grouss genuch si fir d'Daf duerch Ënnerdauchen ze spenden, déi sinn allerdéngs a Westeuropa ganz seelen; Ausnam: d'Kathedral vun Évry bei Paräis.

Commons: Daafsteng – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen