Dag-Nuecht-Grenz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Weltkaart mat Dag-Nuecht-Grenz
Dag-Nuecht-Grenz iwwer Europa an Afrika

D'Dag-Nuecht-Grenz, an der Astronomie a Meteorologie och (solaren) Terminator genannt, ass d'Schietgrenz tëscht där duerch d'Sonn beliichter an der onbeliichter Säit vun engem Himmelskierper a besonnesch vun engem Planéit oder engem Mound. E Spectateur, deen op der Dag-Nuecht-Grenz ass, ka jee nodeem e Sonnenopgank bzw. e Sonnenënnergank beobachten. Dat heescht, d'Sonn iwwerschréckt aus der Siicht vum Spectateur den Horizont. Deen Zäitraum, an deem d'Sonn grad nach net, bzw. grad net méi, ze gesinn ass, gëtt als Schummerecht bezeechent.

D'Dag-Nuecht-Grenz op engem (idealiséierte kugelförmegen) Himmelskierper ass e kreesronne Rank op der Fläch vun der Kugel, deen den Equator zweemol schneit an deem säin Duerchmiesser dem Duerchmiesser vun der Kugel entsprécht. All Punkt um Equator iwwerschréckt d'Dag-Nuecht-Grenz zweemol am Dag, bei Sonnenopgank a bei Sonnenënnergank, bedingt duerch d'Eegerotatioun vum Himmelskierper (cf. Äerdrotatioun). D'Längt vun engem Dag ass duerch dëst Iwwerschrécke vun der Dag-Nuecht-Grenz definéiert.

Steet d'Achs vun der Eegerotatioun vum Himmelskierper senkrecht op der Ekliptik, da verleeft d'Dag-Nuecht-Grenz ëmmer duerch déi zwee Polen. Allerdéngs ass dat bei kengem (bekannten) Himmelskierper exakt de Fall, am Allgemenge hänkt d'Achs liicht par Rapport zur Ekliptik (cf. Schiift vun der Ekliptik). Duerch dësen Hank entsteet ëm d'Polen e Beräich, deen d'Dag-Nuecht-Grenz net all Dag iwwerschréckt; d'Gréisst vun dëse Beräicher ännert sech mat der Joreszäit: zu de Sonnenwenden (Solstitium) erreeche si déi maximal Ausdehnung, déi dann och d'Polarkreeser definéiert. Zu den Equinoxen (da wann den Dag sou laang ass wéi d'Nuecht) verschwannen dës Beräicher awer, d'Dag-Nuecht-Grenz schneit dann déi zwéi Polen.

Commons: Terminator – Biller, Videoen oder Audiodateien