Dag Hammarskjöld

Vu Wikipedia
Dag Hammarskjöld
Gebuer 29. Juli 1905
Jönköping
Gestuerwen 18. September 1961
Ndola
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala,
Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist, Dichter, Schrëftsteller, Philosoph
Partei Onofhängeg
Member vun Schweedesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Papp Hjalmar Hammarskjöld
Mamm Agnes Maria Carolina Almquist
Geschwëster Åke Hammarskjöld, Bo Hammarskjöld, Sten Hammarskjöld

Den Dag Hjalmar Agne Carl Hammarskjöld gebuer den 29. Juli 1905 zu Jönköping a Schweden, a gestuerwen den 18. September 1961 op der Grenz vu Sambia, war e schweedesche Politiker, Auteur an den zweete Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

Den Dag Hammarskjöld krut 1961 posthum de Friddensnobelpräis.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Carrière a Schweden[änneren | Quelltext änneren]

Den Hammarskjöld huet Droit, Philosophie an Ekonomie studéiert.

Tëscht 1936 an 1945 war hie Staatssekretär am schweedesche Finanzministère a vun 1941 bis 1948 President vum schweedesche Räichsbankdirektorium. 1949 ass hie Staatssekretär am Ausseministère ginn.

Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Sowjetunioun véier Kandidaten refuséiert hat, gëtt den Hammarskjöld de 7. Abrëll 1953 als Kompromësskandidat zum neie Generalsekretär vun de Vereenten Natioune gewielt.

Säi Virgänger, den Norweger Trygve Lie huet bei der Remise vum Virsëtz gemengt, den Hammarskjöld géif elo "den onméiglechste Job op der Welt" iwwerhuelen.

De Generalsekretär Hammarskjöld virum UNO-Gebai zu New York

Effektiv war d'Plaz vum Generalsekretär net onkomplizéiert a seng Roll ënner de Membere vum Sécherheetsrot ëmstridden, ëmsou méi wéi d'Zäite vum Kale Krich hiren Héichpunkt haten. War den Hammarskjöld virun senger Carrière bei der UNO international nach e relatiivt onbeschriwwent Blat, sou sollt sech dat elo séier änneren. Ee vu sengen éischte Projete war et d'Responsabilitéite vum Generalsekretariat vis-à-vis vum Sécherheetsrot nei ze definéieren an hiren Afloss ze stäerken. Hien huet en eegent Sekretariat mat 4000 Mataarbechter grënne gelooss an drop insistéiert, datt de Generalsekretär am Noutfall eegestänneg Decisioune huele kéint d. h. ouni fir d'éischt beim Sécherheetsrot oder der Generalversammlung Réckfro halen ze missen.

1954 geléngt dem Hammarskjöld e klengt diplomatescht Konschtstéck andeems e China dovun iwwerzeegt krut amerikanesch Krichsprisonéier aus dem Koreakrich fräizeloossen. 1956 spëtzt sech de Konflikt ëm de Suezkanal geféierlech zou an d'Gefor datt d'Situatioun zu engem neie Weltkrich eskaléiert ass grouss. Den Hammarskjöld intervenéiert a verhandelt erfollegräich mat Egypten iwwer d'Stationéiere vun der - no enger Iddi vum Kanadier Lester Pearson - nei begrënnter United Nations Emergency Force (UNEF) an der Regioun. Et war dëst déi éischt militäresch Friddensmissioun vun der UNO.

Nach dat selwecht Joer probéiert hien d'Situatioun an der Ungarn Kris ënner Kontroll ze kréien, déi Kéier awer ouni grousse Succès.

1957 gëtt den Hammarskjöld eestëmmeg vun der UNO-Generalversammlung erëmgewielt.

1960 setzt hie sech aktiv fir en Enn vun de bluddegen Onrouen an der fréierer belscher Kolonie Kongo, déi grad hir Onofhängegkeet deklaréiert hat, an. Den UNO-Sécherheetsrot schéckt nom Wëlle vun der UdSSR an den USA UNO-Truppen an d'Provënz Katanga. Frankräich, Groussbritannien an Taiwan hate sech hirer Stëmm enthal. Der Sowjetunioun ass d'Mandat vun der United Nations Operation in the Congo awer net wäit genuch gaangen an nodeem den Hammarskjöld sech géint eng Erweiderung gestallt huet, huet den Nikita Chruschtschow op d'Demissioun vum UNO-Generalsekretär insistéiert.

Fligeraccident[änneren | Quelltext änneren]

An der Nuecht vum 17. op den 18. September 1961 stierft den Dag Hammarskjöld bei engem bis haut net gekläerte Fligeraccident op der Grenz vun der Provënz Katanga, a Richtung Sambia. Den Hammarskjöld war an diplomatescher Missioun ënnerwee fir bei de President vu Katanga, de Moïse Tshombé.

Ëm den Doud vum Hammarskjöld goufen a gëtt et och nach bis haut eng ganz Rei vun Theorien a Spekulatiounen. Muencheree bezweiwelt datt et wierklech en Accident war, et konnt awer ni eppes bewise ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ruth Röhlin: Dag Hammarskjöld - Mystiker und Politiker. Kösel Verlag, München, 2005, ISBN 3-466-36684-4
  • Stephan Mögle-Stadel: Dag Hammarskjölds Vermächtnis. Amthor Verlag, Heidenheim, 2005, ISBN 3-934104-17-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dag Hammarskjöld – Biller, Videoen oder Audiodateien