Dag vum Bam
Den Dag vum Bam ass en Dag am Joer op deem d'Leit opgeruff gi Beem ze planzen. E gëtt weltwäit a ronn 35 Länner[1] , meeschtens am Fréijoer oder am Hierscht, organiséiert. An eenzelne Länner gëtt en offiziell "Nationalen Dag vum Bam" genannt.
Zu Lëtzebuerg gouf den Dag vum Bam 1991 ënner dem Numm Journée nationale de l'arbre agefouert a gëtt zënterhier all Joer op engem Samschdeg ufanks November vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt organiséiert.
Inhaltsverzeechnes |
Historique [änneren]
Den Dag vum Bam geet op eng Initiativ vum amerikanesche Journalist Julius Sterling Morton am Joer 1872 am Nebraska zréck. 20 Joer duerno gouf et en an alle State vun den USA.[2]
De 27. November 1951 hunn d'Vereent Natiounen den internationalen Dag vum Bam agefouert.
Den nationalen Dag vum Bam zu Lëtzebuerg [änneren]
Zu Lëtzebuerg gouf den Dag vum Bam 1991 ënner dem offiziellen Numm Journée nationale de l'arbre vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur agefouert. E gëtt zënterhier all Joer am November, am Prinzip um zweete Samschdeg am Mount, organiséiert, dat an Zesummenaarbecht mat aneren Naturschutzorganisatiounen, mam Ëmweltministère an enger Rëtsch Gemengen.
Bis 1999 hat de Groussherzog Jean de Patronage vum Dag iwwerholl, vun 2000 un ass et säin Nofolger, de Groussherzog Henri.
Eenzel Persoune kënne participéieren an deem se selwer een oder méi Beem planzen, beim offizielle Planze vu Beem an Hecken an de Gemengen hëllefen, oder awer en Don un d'Stëftung Hëllef fir d'Natur iwwerweisen.[3]
Offiziell Plantatiounen [änneren]
All Joer gëtt um Dag vum Bam an enger Gemeng e Bam vum Buergermeeschter, dem zoustännege Minister a vum President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur geplanzt.
- 2012, Gemeng Stengefort: eng Stilleech an eng Lann zu Éiere vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin op der Plaz um Flouer zu Stengefort[4][5]
- ...
- 2002, Gemeng Betzder, beim Gemengenhaus zu Bierg, a Presenz vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte[6]
Kuckt och [änneren]
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Heck vun hei, e Qualitéitslabel fir Traisch aus Lëtzebuerg
- natur&ëmwelt
- Haus vun der Natur
- Naturschutzzentren zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
- Den Dag vum Bam weltwäit (Lëtzebuerg ass net op der Lëscht)
- Den Nationalen Dag vum Bam op der Websäit vun natur&ëmwelt
Referenzen an Notten [änneren]
- ↑ Cf. d'd'Websäit Arbor Day around the World
- ↑ Cf. den Historique op der Websäit vun der Arbor Day Foundation
- ↑ Cf. den Dépliant vum Dag vum Bam 2011. E kann als PDF vun der Websäit vun natur&ëmwelt erofgeluede ginn.
- ↑ Websäit vun natur&ëmwelt
- ↑ Luxemburger Wort vum 12. November, S. 11.
- ↑ Websäit vun der lëtzebuerger Regierung