Dagestan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Russia template.svg Dëse Geographiesartikel zu Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Republik Dagestan
Республика Дагестан
Flag of Dagestan.svg Coat of Arms of Dagestan.svg
Dagestan in Russia.svg
Federatiounskrees: Nordkaukasus
Haaptstad: Machatschkala
Fläch: 50.270 km²
Awunner: 2.910.249 (14. Okt. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 58 Aw./km²
Offiziell Sproochen: Russesch, Aghulesch, Awaresch, Aserbaidschanesch, Darginesch, Kumykesch, Lakesch, Lesgesch, Nogaesch, Rutulesch, Tabassaranesch, Tatesch, Tsachuresch, Tschetschenesch
Grënnung: 20. Januar 1921
Zäitzon: UTC+4
President: Magomedsalam Magomedow

D'Republik Dagestan (Russesch Республика Дагестан / Respublika Dagestan) ass eng russesch Republik am Nordkaukasus. Si ass 1991 aus der Dagestanescher ASSR ervirgaangen. Den Numm bedeit "Biergland" an den Turksproochen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Dagestan besteet am Norden aus flaacher Stepp an am Süden aus héije Bierger, déi d'Grenz mat Aserbaidschan a Georgien bilden. Hei läit och dee südlechste Punkt vun der Russescher Federatioun. Am Osten ass eng laang Küst um Kaspesche Mier. Nopeschfederatiounssujete sinn am Westen Tschetschenien an am Norde Kalmückien an d'Regioun Stawropol. Déi wichtegst Flëss sinn den Terek, de Sulak an de Samur.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun de Vëlker a Sproochen am Kaukasus

Am Dagestan liewe méi wéi 30 Vëlker op enkem Raum zesummen. Et ass déi am heterogenst russesch Republik, wat virun allem dorop zréckzeféieren ass datt d'Bierglandschaft Reesen a Kommunikatioun erschwéiert, a kulturell ëmmer nach d'Clanwiese primordial ass. Déi nëmmen 100.000 Russe si just nach eng kleng Minoritéit an der ronn 3 Milliounen Awunner Republik (Stand 2010). Trotzdeem ass Russesch ëmmer nach d'Amtssprooch, déi och als Verkéierssprooch tëscht den Ethnien déngt. De Groussdeel vun der Bevëlkerung ass vun islameschem Glawen (haaptsächlech sunnitesch). Anescht wéi an aneren Deeler vun der Russescher Federatioun wiisst d'Populatioun am Dagestan rapid.

Zensus 1926 Zensus 1939 Zensus 1959 Zensus 1970 Zensus 1979 Zensus 1989 Zensus 2002 Zensus 20101
Awaren 177.189 (22,5 %) 230.488 (24,8 %) 239.373 (22,5 %) 349.304 (24,5 %) 418.634 (25,7 %) 496.077 (27,5 %) 758.438 (29,4 %) 850.011 (29,2 %)
Darginer 125.707 (16,0 %) 150.421 (16,2 %) 148.194 (13,9 %) 207.776 (14,5 %) 246.854 (15,2 %) 280.431 (15,6 %) 425.526 (16,5 %) 490.384 (16,9 %)
Kumyken 87.960 (11,2 %) 100.053 (10,8 %) 120.859 (11,4 %) 169.019 (11,8 %) 202.297 (12,4 %) 231.805 (12,9 %) 365.804 (14,2 %) 431.736 (14,8 %)
Lesgier 90.509 (11,5 %) 96.723 (10,4 %) 108.615 (10,2 %) 162.721 (11,4 %) 188.804 (11,6 %) 204.370 (11,3 %) 336.698 (13,1 %) 385.240 (13,2 %)
Laken 39.878 (5,1 %) 51.671 (5,6 %) 53.451 (5,0 %) 72.240 (5,1 %) 83.457 (5,1 %) 91.682 (5,1 %) 139.732 (5,4 %) 161.276 (5,5 %)
Aserbaidschaner 23.428 (3,0 %) 31.141 (3,3 %) 38.224 (3,6 %) 54.403 (3,8 %) 64.514 (4,0 %) 75.463 (4,2 %) 111.656 (4,3 %) 130.919 (4,5 %)
Tabassaranen 31.915 (4,0 %) 33.432 (3,6 %) 33.548 (3,2 %) 53.253 (3,7 %) 71.722 (4,4 %) 78.196 (4,3 %) 110.152 (4,3 %) 118.848 (4,1 %)
Russen 98.197 (12,5 %) 132.952 (14,3 %) 213.754 (20,1 %) 209.570 (14,7 %) 189.474 (11,6 %) 165.940 (9,2 %) 120.875 (4,7 %) 104.020 (3,6 %)
Tschetschenen 21.851 (2,8 %) 26.419 (2,8 %) 12.798 (1,2 %) 39.965 (2,8 %) 49.227 (3,0 %) 57.877 (3,2 %) 87.867 (3,4 %) 93.658 (3,2 %)
Nogaier 26.086 (3,3 %) 4.677 (0,5 %) 14.939 (1,4 %) 21.750 (1,5 %) 24.977 (1,5 %) 28.294 (1,6 %) 38.168 (1,5 %) 40.407 (1,4 %)
Agulier 7.653 (1,0 %) onbekannt 6.378 (0,6 %) 8.644 (0,6 %) 11.459 (0,7 %) 13.791 (0,8 %) 23.314 (0,9 %) 28.054 (1,0 %)
Rutulen 10.333 (1,3 %) 20.408 (2,2 %) 6.566 (0,6 %) 11.799 (0,8 %) 14.288 (0,9 %) 14.955 (0,8 %) 24.298 (0,9 %) 27.849 (1,0 %)
Zachuren 3.531 (0,4 %) onbekannt 4.278 (0,4 %) 4.309 (0,3 %) 4.560 (0,3 %) 5.194 (0,3 %) 8.168 (0,3 %) 9.771 (0,3 %)
Anerer 43.861 (5,6 %) 52.031 (5,6 %) 61.495 (5,8 %) 63.787 (4,5 %) 57.892 (3,6 %) 58.113 (3,2 %) 25.835 (1,0 %) 39.292 (1,4 %)2
Total 788.098 (100 %) 930.416 (100 %) 1.062.472 (100 %) 1.428.540 (100 %) 1.628.159 (100 %) 1.802.188 (100 %) 2.576.531 (100 %) 2.910.249 (100 %)
1 18.430 Persoune konnte kenger Volleksgrupp zougedeelt ginn, si verdeelen sech awer wuel undeelsméisseg d'selwecht wéi déi aner Awunner.[1]
2 dorënner 4.997 Armenier a 455 Taten

Et ass eng vun deenen ärmste Republike vun der Russescher Federatioun, obwuel se sech an den 2000er Jore relativ erkritt huet, an elo an der Moyenne op e pro-Kapp-Akommes vun engen ëmgerechent 3200$ pro Joer kënnt (Stand 2010). Et muss een dozou soen, datt et eng ganz kleng Minoritéit vu ganz Räiche gëtt, eng komplett ënnerproportional vertrueden a limitéiert Mëttelklass (4000$ pro Kapp a Joer, Stand 2012), a carrément 56 % vun der Bevëlkerung déi ënner der Aarmutsgrenz liewen.

BIP pro Kapp a Joer
Joer RUB USD
2010 98.026 3.227
2009 97.759 3.086
2008 80.466 3.235
2007 59.026 2.310
2006 47.010 1.732
2005 34.496 1.218
2004 31.020 1.077
2002 16.470 594
1999 10.872 441

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Stied vum Dagestan (englesch Transkriptioun)

Am russesche Verglach gëtt et am Dagestan e relativ klengen Undeel vun der Bevëlkerung deen a Stied lieft (43 %). Déi gréisst Stied sinn:

Nunn Russesch Awunner
(14. Oktober 2010)
Machatschkala Махачкала 572.076
Chassawjurt Хасавюрт 131.187
Derbent Дербент 119.200
Kaspijsk Каспийск 100.129
Buinaksk Буйнакск 62.623
Isberbasch Избербаш 55.646
Kisljar Кизляр 48.984
Kisiljurt Кизилюрт 32.988

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dagestan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]