Daidalos

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Daidalos (gr. = dee Konschtfäerdegen / och: Dädalus) war an der So, en Athener, deen eelste vun de bildende Kënschtler vun den Hellenen, deem vill Erfindungen zougesprach gi sinn.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Den Daidalos war de Jong vum Metion, Urenkel vum Erechtheus, dee konschfäerdechste Mann vu senger Zäit, Baumeeschter a Bildhauer. An deene verschiddenste Géigende vun der Welt si seng Wierker bewonnert ginn. Während bei deene fréiere Meeschteren d'Skulpturen d'Aen zou haten an d'Äerm net vum Kierper getrennt waren, hu seng Skulpturen d'Aen op gehat, d'Äerm ausgestreckt an d'Been zum Schrëtt gespreizt gehat.

Awer sou grouss wéi den Daidalos och als Kënschtler war, so agebild an houffreg war en och. En huet säi Neveu (senger Schwëster hire Jong) a Schüler den Talos (anere Quelle no de Perdix) aus Näid ëmbruecht, andeems en e vum Athena senger Buerg erofgestierzt huet, well deen d'See (an och nach aner Saachen) erfonnt huet. Während den Daidalos mam Begriefniss beschäftegt war ass en iwwerrascht ginn an huet virginn eng Schlaang ze begruewen. Trotzdeem ass e virum Geriicht vum Aeropag wéinst Mord ugeklot a fir schëlleg befonnt ginn. Doropshin ass e vun Athen op Kreta bei de Kinnek Minos geflücht.

Duerch seng Kënschte war en do héich ugesinn an ass och zum Frënd vum Minos ginn. Fir de Minos huet hien och d'Labberänt ënner dem Palais vu Knossos gebaut fir de Minotauros, de Jong vum Minos senger Fra Pasiphaë an dem Stéier vum Poseidon anzespären. Nodeem de Bau fäerdeg war hat souguer den Daidalos selwer Schwieregkeeten selwer erëm erauszefannen.

Mä den Daidalos huet och dem Minos senger Duechter, dem Ariadne bäigestan an him de Rot ginn wéi et dem Theseus kéint hëllefen fir datt deen de Minotauros kéint ëmbréngen an erëm aus dem Labberänt kéint erausfannen.

Dofir ass hie vum Minos selwer (nom Doud vum Minotauros) zesumme mat sengem Jong Ikaros am Labberänt agespaart ginn. Nodeem en sech a säi Jong doraus befräit hat, huet en sech eppes ausgeduecht fir vun der Insel Kreta ze flüchten: en huet ugefaange Fiedere vu verschidde Gréisste mat Wues zesummenzepechen. Den Daidalos huet no engem kuerzen Test den Ikaros gewarnt mat de Filleken entweder ze no un d'Mier ze kommen (well se dann duerch d'Gischt ze schwéier ginn) oder ze no un d'Sonn (well dann de Wues deen d'Flilleken zesummenhält schmëlzt). Dunn hunn hien a säi Jong sech déi kënstlech Flilleken ugedoen a sinn domat an d'Lut geflunn.

De Papp ass viraus geflunn an huet vun Zäit zu Zäit no sengem Jong gekuckt, mä op eemol no laanger Rees ass den Ikaros iwwermiddeg ginn an ass mat senge Flilleken ëmmer méi héich geflunn. A lues a lues ass de Wues deen d'Fiederen zesummegehalen huet geschmolt an en ass wéi e Steen an d'Mier gestierzt.

Den Daidalos huet no sengem Jong gesicht dee net méi hanner em ze fanne war ann huet e schliisslech opgrond vun de Fiederen fonnt, säi Kierper ass op enger Insel, déi haut Ikaria genannt gëtt fonnt ginn.

Nodeem den Daidalos säi Jong Ikaros erëmfonnt huet ass hien virun no Sizilie gaange bei de Kinnek Kakolos. Seng Konscht huet wéi ëmmer all d'Awunner an Erstaune gesat.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daidalos – Biller, Videoen oder Audiodateien