Dall vun de Kinneken

Vu Wikipedia
Plang vum Dall vun de Kinneken (2009).
Entrée vum Dall vun de Kinneken.
Entrée vun engem vun de Griewer

Den Dall vun de Kinneken (ar.: وادي الملوك Wādī al-Mulūk) war eng Nekropol am Alen Egypten, an där bis haut 64 Griewer a Grouwen entdeckt goufen.

Am Dall vun de Kinneke si besonnesch d'Griewer vun den Herrscher vum Neie Räich (ca. 1550 bis 1069 v. Chr.), vun der 18. bis 20. Dynastie, ze fannen. Den Dall läit zu Theben-West, vis-à-vis vu Karnak, um Bord vun der Wüst, mat héije Bierger ronderëm, notamment déi natierlech Fielsepyramid el Korn oder el-Qurn ("d'Har"). Südlech dovu läit den Dall vun de Kinniginnen.

Schonn an der Antiquitéit goufen dacks d'Mumien op enger anerer Plaz verstoppt, fir se viru Grafraiber ze schützen. Obwuel zanter Joerdausenden do ëmmer nees geraibert a geplëmmt gouf, goufen a ginn och an der Neizäit ëmmer erëm nei Griewer entdeckt. Ënner anerem gouf do 1922 vum Howard Carter d'Graf vum Tutanchamun (KV62) entdeckt, dat praktesch zanter senger Installation onberéiert war.

An der Egyptologie ginn d'Griewer mat Prefix "KV" (englesch fir "Kings' Valley") duerchnumeréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Aidan Dodson: After the Pyramids. The Valley of the Kings and Beyond. The Rubicon Press, London 2000, ISBN 0-948695-52-8.
  • Erik Hornung: Tal der Könige. Artemis & Winkler, Düsseldorf 1999, ISBN 3-7608-0519-1.
  • Erik Hornung: Das Tal der Könige. Beck, München 2002, ISBN 3-406-47995-2.
  • Bertha Porter, Rosalind L. B. Moss: Topographical Bibliography of Ancient Egyptian Hieroglyphic Texts, Statues, Reliefs, and Paintings. mehrere Bände, 2. Auflage, Griffith Institute, Oxford 1960 und 1964.
    • Volume I Part 2: The Theban Necropolis. Royal Tombs and Smaller Cemeteries. 1964, Reprint 1999, ISBN 0900416106, S. 495–593.
  • Nicholas Reeves, Richard H. Wilkinson: Das Tal der Könige. Bechtermünz, Augsburg 2002, ISBN 3-8289-0739-3.
  • Kent R. Weeks, Araldo de Luca: Im Tal der Könige – Von Grabkunst und Totenkult der ägyptischen Herrscher. Weltbild, Augsburg 2001, ISBN 3-8289-0586-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dall vun de Kinneken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.