Damm (Schach)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chess.svg Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chess piece - White queen.jpg Chess piece - Black queen.JPG
Schachfiguren
Chess king icon.png Kinnek
Chess queen icon.png Damm
Chess rook icon.png Tuerm
Chess bishop icon.png Leefer
Chess knight icon.png Sprénger
Chess pawn icon.png Bauer

D'Damm, Unicode: ♕ ♛, ass déi stäerkste Figur beim Schachspill. Zesumme mam Tuerm gehéiert si zu de Schwéierfiguren. An der Praxis ass d'Damm am Zesummespill mat Tuerm, Leefer a Sprénger eng staark Ugrëffsfigur.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Damm an deenen dräi Spillphasen

[änneren] An der Erëffnung

An der Erëffnung sollt d'Damm net ze fréi entwéckelt ginn, well hir exponéiert Stellung dem Géigner Geleeënheet gëtt seng eege Figure duerch Ugrëff op d'Damm, déi doropshin zéie muss, mat Tempogewënn ze entwéckelen. An der Regel ass et dohier méi sënnvoll, fir d'éischt d'Liichtfiguren, also d'Sprénger an d'Leefer, ze entwéckelen an ze rochéieren. Eng Ausnam stellt zum Beispill d'Skandinavesch Verdeedegung duer, bei där d'Damm schonn am zweeten Zuch gezu gëtt.

[änneren] Am Mëttelspill

Am Mëttelspill sollt d'Damm zentraliséiert ginn, fir hir Kraaft ze entfalen. Virun allem d'Kontroll vun oppene Linnen an Diagonalen ass unzestriewen, well se dann hir gréisste Stäerkt, hir Reechwäit, ausspille kann. Dacks féiert d'Damm den Ugrëff duerch, nodeems déi aner Figuren déi dofir néideg Viraussetzunge geschaf hunn. Een an der Literatur beléiftent Motiv, dat an der Praxis allerdéngs seele virkënnt, ass d'Dammenaffer. Dobäi gëtt d'Damm géint eng däitlech méi schwaach Figur geaffert, fir ee spillentscheedende Virdeel ze erlaangen, zum Beispill een direkte Mattugrëff.

[änneren] Am Endspill

D'Damm kann entscheedend beim Mattsetze vum géigneresche Kinnek hëllefen. Grad am Endspill, wa bal keng Figure méi um Schachbriet sinn, ka se hir grouss Reechwäit besonnesch gutt ausspillen, wouduerch se dacks zu enger spillentscheedender Figur gëtt.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Damm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen