Damm (Spillkaart)

Vu Wikipedia
Déi véier Dammen am angloamerikanesche Kaartespill

D'Damm ass eng Kaart am franséischen an angloamerikanesche Kaartespill, um franséische Spill fënnt een en D fir Dame, um angloamerikaneschen e Q fir Queen.

Bei ville Spiller, zum Beispill beim Poker, ass der Damm hire Wäert tëscht deem vum Bauer an dem Kinnek.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an den éischten europäesche Kaartespiller am 14. Joerhonnert gouf et am Spill 3 Billerkaarten, mä an den androzentristesche Gesellschafte vun där Zäit goufe Kaarte mat weibleche Figuren net appreciéiert. Amplaz vun der Damm gouf et en zweete Bauer, deen d'Militär representéiert huet.

D'Spillkaarte waren an där Zäit nach ganz deier an nëmmen den Adel konnt sech sou eppes leeschten. Dowéinst waren d'Spillkaarten deemools e Spigelbild vun de gesellschaftlechen, moraleschen a politesche Wäerter.

Déi éischt Spillkaarte mat weibleche Figuren, sinn am Frankräich vun der Renaissance entstanen. Nieft dem mëttelalterlechen Ideal vun der Damm um Haff, ass et virun allem d'Virstellung, datt de Kinnek eng weiblech Konterpartie brauch, déi zu där Entwécklung gefouert huet. Déi weiblech Spillkaart ass dunn am 16. Joerhonnert, duerch Kricher an Handel, iwwer de Kanal an England komm. Am Rescht vun Europa konnt sech d'Damm als Spillkaart net duerchsetzen. Haut existéiert am Süde vun Europa de mëttelalterleche Bauer nach ëmmer als drëtt Billerkaart.

Symbolik vun de Kaarten[änneren | Quelltext änneren]

Am franséische Kaartespill steet jiddwer Dame am Spill fir eng historesch oder mythologesch Perséinlechkeet. Et spigelt sech och d'Iddi erëm, datt d'Fra um mëttelalterlechen Haff no chrëschtleche Wäerter ze liewen hat, wéi se an der Bibel stinn.

Häerzerdamm Rautendamm Schëppendamm Kräizerdamm
Judith,
Biblescht Ideal vun der Frommheet
Rachel,
Biblescht Ideal vun der Schéinheet
Pallas Athene,
Griichesch Gëttin vun der Wäisheet
Argine
En Anagramm vu Regina,
dem laténgesche Wuert fir Kinnigin.

Am angloamerikanesche Spill ass sou eng Symbolik ëmmer regional begrenzt, zum Beispill steet d'Häerzerdamm an England fir d'Elizabeth vu York.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]