Dan Spogen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dan Spogen
Gebuer 30. Mäerz 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmschauspiller, Radiosspeaker, Televisiounsmoderateur, Foussballspiller

Den Dan Spogen, gebuer den 30. Mäerz 1980[1], ass e lëtzebuergesche Radiosspeaker an Televisiouns-Moderateur.

Bei RTL Radio Lëtzebuerg moderéiert hien ë. a. d'Sendungen Spogen vs. Biver an - zesumme mam Michelle Reiter - de Wecker. Op der Tëlee presentéiert hie bei RTL Télé Lëtzebuerg d'Sendungen 20vir - Planet Magazin, Picobello, Famillenduell an RTL Kichen - Kachduell.

Hie war am Lycée du Nord[2] an huet eng 13e Commerce et Gestion gemaach. Hien ass e fréiere Foussballspiller an huet ë. a. beim FC Wolz 71 (Saison 2002/2003), beim Racing (2006/2007) a bei der Union Sportive Hueschtert (2010/2011)[3] am Mëttelfeld gespillt.

De Spogen hat eng Cameo-Roll als Polizist Rolf am Film Autobahnraser (2004) an 2015 am Andy Bausch sengem Faustino: One Man Show[4]. Hie war och Spriecher am Lauschterspill D'Fuesent vun den Déieren (2003).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. weltfussball.de
  2. Den Dan Spogen op linkedin.com, gekuckt de 15. Januar 2018
  3. www.transfermarkt.com, fir d'lescht gekuckt de 15. januar 2018
  4. IMDb (Internet Movie Database), fir d'lescht gekuckt de 15. Januar 2018