Dan Theis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Dan Theis oder Dany Theis oder Daniel Theis, gebuer den 11. September 1967, ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.[1]

Tëschent dem 12. Oktober 1991 am 15. August 2001 huet den Dan Theis 33 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[2] An der EM-Qualifikatioun géint England, de 14. Oktober 1998, hat den Dan Theis beim Stand vun 0 - 0 déi eemoleg Chance, Lëtzebuerg duerch en Eelefmeter a Féierung ze bréngen. Säi Schoss goung awer iwwert de Gol. [3]

Vun 1986 bis 1999 huet den Dan Theis bei der Jeunesse Esch gespillt. An der Saison 1999/2000 war hie bei der Union Lëtzebuerg, déi Saison duerno beim Avenir Beggen an an der Saison 2001/02 beim Progrès Nidderkuer.[4]

Als Trainer war hie vun 2003 bis 2006 beim FC Déifferdeng 03 an duerno vun 2006 bis 2009 als Trainer vun der U19 Foussballnationalequipe bei der FLF. Vun 2009 bis 2011 war hien du nees beim FC Déifferdeng 03, ier hien vun Abrëll bis Oktober 2011 beim F91 Diddeleng war wou hien d'éischt fir d'U19 zoustänneg war an duerno fir déi éischt Equipe.[5]

Zënter dem 5. Mäerz 2012 ass hien den Trainer vum Swift.

Referenzen [änneren]