Daniel Gabriel Fahrenheit

Vu Wikipedia
Daniel Gabriel Fahrenheit
Gebuer 24. Mee 1686
Gdańsk
Gestuerwen 16. September 1736
Den Haag
Aktivitéit Physiker, Erfinder, Instrumentebauer, Chimist
Member vun Royal Society
Dem Fahrenheit säi Gebuertshaus

Den Daniel Gabriel Fahrenheit, gebuer de 24. Mee 1686 zu Danzeg, a gestuerwen de 16. September 1736 zu Den Haag, war en däitsche Physiker an Instrumentebauer.

No enger Léier als Händler zu Amsterdam huet de Fahrenheit sech do 1717 no ville Reese säin Doheem ageriicht.

Hien huet deelweis an Holland an an England gewunnt an huet sech als Glasbléiser an Naturfuerscher dem Bau vu wëssenschaftleche Moossinstrumenter zougewannt. Sou huet hien Aerometeren, Thermometeren, Barometeren an Héichtemiesser gebaut.

Besonnesch d'Miesse vun der Temperatur hat dem Fahrenheit säin Intressi op sech gezunn. De Fahrenheit huet als Éischten Thermometere gebaut déi ëmmer genee de selwechte Wäert fir déi selwecht Temperatur ugewisen hunn. De Fahrenheit huet fir seng éischt Thermometeren Alkohol benotzt, an huet dee spéider duerch Quecksëlwer ersat. Fir seng Thermometeren z'ajustéieren, huet de Fahrenheit mat 3 Temperature geschafft an zwar der Temperatur vun enger Mëschung vun Äis a Waasser a Salmiak, där hien de Wäert 0 zougedeelt huet, dem Gefréierpunkt vum Waasser mat 32 Grad an dem Kachpunkt vum Waasser mat 212 Grad.

Déi Temperaturskala huet spéider säin Numm kritt, an huet sech besonnesch an Holland an den angelsächsege Länner duerchgesat a gëtt nach haut benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daniel Gabriel Fahrenheit – Biller, Videoen oder Audiodateien