Daniel Pannrucker
Den Daniel (Maria) Pannrucker, gebuer den 13. Juli 1977 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Medien-Entreprener an Däitschland.
Carrière [änneren]
No senger 13ième an der Handwierkerschoul geet den Daniel Pannrucker op Bréissel, wou en Communication visuelle et publicité studéiert.
Seng berufflech Carrière fänkt hien 2001 als Media-Beroder bei der MediaCom, der gréissten Media-Agence an Däitschland, zu Düsseldorf un. 2003 wiesselt hien op Hamburg an d'Agence blöcher+partner platforming®.
2004 fänkt hien an der Groupe Publicis zu Düsseldorf un a grënnt NEWCAST®, déi éischt "Entwicklungsagentur für innovative Kommunikation" um däitsche Marché. D'Agence gëtt no kuerzer Zäit a verschidde Länner exportéiert.
2007 verléisst hien de Groupe Publicis fier sech als Beroder selbststänneg ze maachen. Am November 2008 huet den Daniel Pannrucker LEOTAINMENT eng op Brandtainment® spezialiséierten Agence zu Düsseldorf gegrennt, déi am November 2012 op den Medienstandort Köln-Mülheim verluecht guuf. LEOTAINMENT entweckelt an produzéiert Content-Léisungen fier den internationalen Marché.
Privat [änneren]
Den Daniel Pannrucker wunnt a schafft zu Köln an Lëtzebuerg (Stad).