Daniele Zoratto

Vu Wikipedia
Daniele Zoratto
Gebuer 15. November 1961
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 167 Zentimeter
Gewiicht 61 kg
Veräin/Ekipp Italieenesch Foussballnationalekipp

Den Daniele Zoratto, gebuer de 15. November 1961 zu Esch-Uelzecht, ass en italieenesche Foussballstrainer a fréiere Spiller.

Den Zoratto war an de fréien 1990er Joren ee vun de bekanntste Spiller vum AC Parma. Hien huet do vun 1989, wéi Parma fir d'éischt iwwerhaapt an d'Serie A koum, bis 1994, wéi se d'European Super Cup an d'Coupe vun de Coupegewënner gewonnen huet, gespillt. Am Joe 1993, bei engem Weltmeeschterschaftsqualifikatiounsmatch, huet hien eng Kéier an der italieenescher Nationalekippe gespillt.

Nodeem den Zoratto e puer Joer laang d'Jugendequipp vu Parma trainéiert hat, gouf en 2006 Cheftrainer vum Modena F.C.. Am Februar 2007 krut en do awer de Sak, well 'Resultater op sech waarde gelooss hunn.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]