Dardanellen
| Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Dardanellen sinn eng schmuel natierlech Mieresstrooss tëschent der europäescher Hallefinsel Gallipoli, (Tierkei), an dem nordwestlechen Deel vun Anatolien.
Den Numm kënnt vun Dardanus, enger Siidlung, déi, wéi et heescht, an der Noperschaft vu Troja soll geleeën hunn. An der Antik huet déi schmuel Mieresstrooss Hellespont geheescht, genannt nom Helle, enger Figur aus der griichescher Mythologie. D'Dardanellen verbannen d'Ägäis mat dem Marmaramier. Si sinn ongeféier 65 km laang an 1,3 bis 6 km breet. Hir Déift ass duerschnëttlech 50 m. Op der asiatescher Säit läit d'Hafestad Çanakkale, eng Stad, vu wou aus ee kann d'Iwwerreschter vun Troja besichen.
Fir Schëffer, déi duerch d'Dardanellen laanscht Gallipoli fueren, ass et Brauch, fir op der Héicht vun de Gedenkstätten un d'Schluecht vu Gallipoli kräfteg ze tuten, fir de villen Affer vun dëser onbarmhäerzeger Schluecht d'Éier ze erweisen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Dardanellen – Biller, Videoen oder Audiodateien |