Dario Moreno

Vu Wikipedia
Dario Moreno
Gebuer 3. Abrëll 1921
Izmir
Gestuerwen 1. Dezember 1968
Istanbul
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Tierkei
Aktivitéit Sänger, Pianist, Komponist, Filmschauspiller, Schauspiller

Den Dario Moreno, gebuer den 3. Abrëll 1921 als "Davi Arugete" zu Mezarlikbasi no bei Izmir an der Tierkei, gestuerwen den 1. Dezember 1968 zu Istanbul, war en tierkesche Pop-Sänger a Filmschauspiller.

Den Dario Moreno

Dem Dario Moreno säi Papp war vun tierkesch-jiddeschen Originnen a seng Mamm staamt aus Mexiko. Wéi den Davi e puer Méint al war, ass säi Papp gestuerwen a seng Mamm ass mat him an hiert Heemechtsland gaangen.

No engem Droitstudium huet den Davi eng Zäit an enger Affekotenetüd geschafft. Mä niewelaanscht ass hien hot an har bei Fester opgetrueden an huet do Lidder zum Beschte ginn. A wéi dat sou geet, huet en amerikanesche Plakkeproduzent hien "entdeckt". Du goung et op den Tour mat enger Tournée an de Vereenegte Staaten an eng an Europa.

Den eigentleche Succès koum a Frankräich, wou hie grouss erauskoum. No an no koumen och Filmer dobäi. De Mockelege mam Schnurres, deen ëmmer gudder Déng war, gouf ëmmer méi bekannt. Hien huet a ville Sprooche gesongen an ass am Dezember 1968 an d'Tierkei gefuer fir Promotioun fir seng Placken op Tierkesch ze maachen. Do ass den Dario Moreno un engem Schlag gestuerwen.

No sengem Doud huet seng Mamm sech entscheet, fir hien an Israel begruewen ze loossen.

Seng gréisst Succèsen[änneren | Quelltext änneren]

  • Istanbul (1954)
  • Si tu vas à Rio (1958)
  • Tout l'amour (1959)
  • Brigitte Bardot (1961)

Seng Filmoptrëtter (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]