Das Neue Universum

Vu Wikipedia
Déi éischt Oplo

Das Neue Universum war e Jugendjoerbuch, dat fir d'éischt 1880 erauskoum.

D'Bänn 1 bis 11 sinn am W. Spemann Verlag zu Stuttgart publizéiert ginn,
d'Bänn 12 bis 90 am Union Deutsche Verlagsgesellschaft zu Stuttgart, an
d'Bänn 91 bis 119 am Südwest Verlag zu München.

Den éischte Band koum 1880 eraus mam Ënnertitel: Die interessantesten Erfindungen und Entdeckungen auf allen Gebieten. Ein Jahrbuch für Haus und Familie besonder für die reifere Jugend. Am Buch waren 185 schwaarz-wäiss Illustratiounen an ee faarwegt Bild vum Liichttuerm vun von Eddystone.
Op zwou Säite krut de Lieser mol erkläert Was das Buch will. Et ware keng "Virkenntnisser" erfuerdert, an déi eelef Haaptgruppe goufen opgezielt; et waren dat:

  • Länner a Vëlkerkunde
  • Verkéierswiesen
  • Industrie
  • Nei Apparater, Maschinnen a Bauten
  • Militärwiesen an Nautik
  • Physik
  • D'Physik vun der Äerd, "Witterungskunde", Geologie an de Biergbau
  • Naturgeschicht
  • "Gesundheitslehre"
  • Geschicht vun de Wëssenschaften an der Technik
  • Kleine Mittheilungen vermischter Art