Das Schwarze Korps

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Titelsäit

Das Schwarze Korps, mat den Ënnertitelen Zeitung der Schutzstaffeln der NSDAP an Organ der Reichsführung SS war eng Wochenzeitung vun der SS.

D'Iddi, fir eng SS eegen Zeitung hat den SS-Gruppenführer Curt Wittje, de Chef vum SS-Hauptamt, eng vun den déizäit dräi Kommandoplazen vun der Reichsführung-SS. Hauptschriftleiter sollt de Gunter d'Alquen ginn, dee schonn mat 17 an engem hlawe Joer an d'NSDAP gaange war an do Carrière gemaach hat. Fir den Himmler, deen uganks 1935 nach net fest am Suedel souz, sollt et eng Zort "Veräinsblietche" ginn. Den d'Alquen hat awer méi Grousse wëlles, mä koum mat sengen Titelvirschléi Die Bewegung oder Unser Reich beim Himmler net un. Am Februar 1935 koum d'Nullnummer vum Schwarze Korps eraus, an deem den d'Alquen, deemools SS-Sturmbannführer an engem Editorial "Unsere Aufgabe" beschriwwen huet.

Unser Blatt soll als Freund den Männern treuer Begleiter in Dienst und Freizeit werden. Gemeinsam mit dem Mann wird es gehen, um reines Spiegelbild zu sein vom Lebenund Ringen der Sturme und Standarten auf ihrem Weg.

Op dëser Säit ass a véier Zeilen deen eezege Bäitrag ze liesen, deen den Himmler jeemools fir d'nationalsozialistesch Press geschriwwen huet.

De Franz-Eher-Verlag, deen der Partei gehéiert huet, hat d'Zeitung iwwerholl ënner der Konditioun, datt d'SS eng minimal Verkafsoplo vu 40.000 géif garantéieren. Vun der éischter Zeitung goufe 70.000 gedréckt. Am Summer waren et der schonn eng hallef Millioun.

Um Ufank ware s'an der Schriftleitung zu zwéin; den d'Alquen a säi Ramplassang, de Rudolf aus den Ruthen. Spéider ware se héchstens zu aacht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Combs, William L.: Voice of the SS: A History of the SS Journal Das Schwarze Korps, New York, Peter Lang, 1986.
  • Kositza, Christian: 'Das Schwarze Korps. Die Zeitung der Schutzstaffeln der NSDAP. Organ der Reichsführung SS' über den Judeozid, Norderstedt 2013, ISBN 978-3-8482-2882-9.
  • Zeck, Mario: Das schwarze Korps. Geschichte und Gestalt des Organs der Reichsführung SS, Tübingen, Max Niemeyer Verlag, 2002.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]