Dauphiné

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wope vum Dauphiné

Den Dauphiné (op Arpitanesch Dôfenâ, op Okzitanesch Daufinat / Dalfinat / Daufinat de Vianés) ass eng historesch Landschaft a Südostfrankräich tëscht dem Rhône an der italienescher Grenz, südlech vun der Savoie an nërdlech vun der Provence.

Bekannt Géigende sinn d'Dauphiné-Alpe mam Pelvoux, déi vun den Däller vun der Romanche, der Durance a vum Drac begrenzt ginn, an d'Viralpe mat de regionalen Nationalparke Vercors a Grande Chartreuse. Si sinn touristesch gutt erschloss, woubäi de méi flaache Bas-Dauphiné südëstlech vu Lyon éischter landwirtschaftlech benotzt gëtt. Déi gréisst Stied vum Dauphiné si Grenobel (als Ballungsraum iwwer 500.000 Awunner), Gap am Süde vun der Provence a westlech vum Vercors d'Stad Valence.

Den Dauphiné geet op en eegestännege Feudalstaat zréck, dee sech tëscht dem 11. a 14. Joerhonnert erausgebilt huet, an deem seng deels franséisch-, deels okzitaneschsproocheg Territoiren och schonn zum Kinnekräich Burgund, zum Frankeräich, zum Mëttelräich Lotharingen a schliisslech zum Hellege Réimesche Räich gezielt hunn. Den Numm kënnt duerch den Titel Dauphin, deen d'Fürste vum Dauphiné traditionell gefouert hunn.

1349 huet de leschten Dauphin Humbert II., de Grënner vun der Universitéit vu Grenobel, mam Traité vu Romans dem franséische Kinnek Philippe VI. den Dauphiné iwwerschriwwen, huet ofgedankt an ass Dominikaner ginn. De Philippe huet den Dauphiné zur Apanage vu sengem eelste Jong, dem spéidere Jean II. bestëmmt, woumat den Dauphiné faktesch den Deel vum Kinnekräich Frankräich ginn ass. Duerno huet sech d'Traditioun etabléiert, datt de franséische Krounprënz bei senger Gebuert den Dauphiné an domat den Titel Dauphin kritt (ähnlech wéi den englesche Krounprënz traditionell de „Prince of Wales“ ass, an de spuenesche Krounprënz de „Prënz vun Asturien“).

E Joerhonnert méi spéit gouf den Dauphiné zum Domaine royal gezielt, an huet domat och de jure opgehalen, en Deel vum Hellege Réimesche Räich ze sinn.

Vue op de Vercors

Den Dauphiné ass eng Wéi vun der Franséischer Revolutioun. Schonn 1763 gouf ugefaangen, sech géint d'kinneklech Steieren ze wieren, an d'regional Fräiheetsrechter ze schützen. 1788 hunn d'Awunner vu Grenobel hiert Parlament erfollegräich géint d'kinneklech Truppe verdeedegt, déi d'Unuerdnung vum Kinnek Louis XVI. duerchsetze sollten, all souverän Geriichtshäff vum Kinnekräich zouzemaachen, an duerch nei héich Geriichter z'ersetzen. Bis 1791 huet sech d'Parlament no der aler Manéier nach gehalen, duerno gouf et ouni Widderstand duerch d'Revolutioun opgeléist. An deem Joer gouf den Dauphiné an déi dräi Departementer Isère, Drôme an Hautes-Alpes opgedeelt.

Am Zweete Weltkrich huet den däitsche Virmarsch 1940 un der Isère halt gemaach, an den Dauphiné gouf nom Waffestëllstand en Deel vun der onbesater fräier Zone, der Zone libre, déi zu engem groussen Deel vun italieneschen Truppe besat war. Wéi nom Fall vu Stalingrad eng däitsch Néierlag sech ëmmer méi däitlech presentéiert huet, goufen Deeler vum Dauphiné, virun allem den onzougängleche Massiv vum Vercors, zu enger vun de wichtegste Bastioune vun der Widderstandsbewegung Résistance. Am Juni 1944, no der Invasioun vun den Alliéierten an der Normandie, hu fräiwëlleg paramilitäresch Verbänn, déi vun den Alliéierten aus der Loft mat Waffen a Material versuergt goufen, versicht den däitschen Truppen de Wee no Norden ze verleeën. Si goufen doropshi vun zwou Gebirgsjägerdivisiounen agekesselt.

Bekannt Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dauphiné – Biller, Videoen oder Audiodateien