David Ianni

Vu Wikipedia
David Ianni
Gebuer 1. August 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pianist, Komponist

Den David Ianni, gebuer den 1. August 1979 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Pianist a Komponist. Seng Heemechtsstied si Schëffleng an Esch-Uelzecht.

Hie wunnt zu Geichlingen an der Äifel a gëtt Pianoscoursen am Conservatoire vum Norden.

Studien an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 9 Joer huet den David Ianni säi Pianosstudium am Escher Conservatoire beim Daniel Feis ugefaangen, mat 15 Joer huet hien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg säi Premier prix gemaach a mat 16 zu Esch den Diplôme Supérieur.

Duerno huet hien zu London op der Purcell School an zu Maastricht studéiert an 2005 an der Klass vum Tonie Ehlen säi Master of Music ofgeschloss. Hien ass a Meeschtercourse bei de bekannte Pianisten Tatiana Sarkissova, Anatol Ugorski a Radu Lupu gaangen. Donieft huet hie Gregorianik an Uergel beim Carlo Hommel geléiert.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Den David Ianni an der Philharmonie, 1. Juli 2021

Vum Alter vu 16 Joer un, gëtt den David Ianni reegelméisseg Concerten zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner. Hien hat och scho Solooptrëtter a Japan an an Indien.

Enn vun den 1990er Joren huet hie sech aus de Ëffentlechkeet zeréckgezunn fir seng spirituell a musikalesch Identitéit ze sichen. Nodeems hien e puer Méint bei Wien an der Zisterzienserabtei Stift Heiligenkreuz gelieft huet, fënnt hie wat e gesicht huet. Duerno bestit hie sech a grënnt eng Famill. No der Gebuert vu sengem zweete Jong fënnt hien erëm zeréck bei d'Musek, zesumme mat de Mënche vun Heiligenkreuz[1].

Zanter 1998 komponéiert den David Ianni eege Wierker. Nieft ville Pianos- a Chouerkompositiounen, Kammermusek an enger Kanneroper ass den Oratorium Abrahams Kinder ervirzehiewen.

Eng éischt CD-Opnam[2] vum David Ianni mat Wierker vum Beethoven, Rachmaninow a Skrjabin ass 1997 erauskomm. Am Joer 1999 huet hie Pianoswierker vum Theodor Kirchner opgeholl.

  • Säin Album Night Prayers - Mystical Piano Dreams, mat eegene Kompositiounen, ass am Juni 2011 erauskomm.
  • Zesumme mat den Zisterzienser aus dem Stift Heiligenkrueuz (Wienerwald) kënnt 2011 d'CD Chant – Amor et Passio an 2012 Chant – Stabat Mater eraus.
  • Eege Kompositiounen erschéngen 2014 am Album Prayers of Silence.
  • Fir den DVD Regarder le soleil en face, deen am Mäerz 2015 vun Omega 90 erauskoum, huet hien zesumme mam Lisa Berg d'Musek komponéiert an interpretéiert.

Zanter 2003 schafft den David Ianni haaptberufflech als Pianosenseignant a Begleeder am Conservatoire vum Norden.

My Urban Piano[änneren | Quelltext änneren]

Den David Ianni (riets) mam Kënschtler Raphael Gindt (lénks) beim Piano Heartland
De "raschtege" Piano Heartland

"My Urban Piano" ass e Projet[3], deen den David Ianni duerch zwielef Europäesch Kulturhaaptstied féiere sollt. Um Enn sollten et awer néng Haaptstied ginn an zwou zousätzlech Episoden. Fir all Episod huet hien e Pianosstéck komponéiert, dat hien dann op engem Piano gespillt huet, deen extra fir dësen Zweck an dës Stad vun engem Kënschtler artistesch beaarbecht gouf. De Piano blouf duerno op enger ëffentlecher Plaz an dëser Stad. Vun all Episod huet hien och e spezielle Video gemaach. De Projet "My Urban Piano" huet hien den 9. November 2018 mat engem Concert am Centre des arts pluriels Ettelbréck ofgeschloss[4].

  • Juni 2016, Episod 0: MAMA, den Ufank vum Projet My Urban Piano[5]
  • Abrëll 2017, Episod 1: Train of Dreams fir d'Stad Lëtzebuerg[6]
  • Juni 2017, Episod 2: Heartland fir Esch-Uelzecht (Kulturhaaptstad 2022 an Heemechtsstad vum David Ianni)[7]
  • September 2017, Episod 3: Joy fir Aarhus, Kulturhaaptstad 2017, Dänemark[8]
  • Dezember 2017, Episod 4: River of Love fir Prag, Kulturhaaptstad 2000, Tschechien[9]
  • Dezember 2017, Episod 5: Snowflakes fir Reykjavík, Kulturhaaptstad 2000, Island[10]
  • Februar 2018, Episod 6: Parallel Worlds (Remix vum Pascal Schumacher) fir Bréissel, Kulturhaaptstad 2000, Belsch[11]
  • Mäerz 2018, Episod 7: Friends um "Hoffnungspiano" fir Berlin, Kulturhaaptstad 1988, Däitschland[12]
  • Juni 2018, Episod 8: Butterflies zesumme mam Honeck Quartett fir Wien, Kulturhaaptstad 2024, Éisträich[13]. Fir dës Episod goufen zwee Pianoen zu Konschtwierker vu Mënsche mat enger Behënnerung gestalt, een vun der Lebenshilfe Wien an ee vum Institut St. Joseph vu Betzder.
  • Juli 2018, Intermezzo Episod, Children of Aleppo, zesumme mat syresche Flüchtlingen.[14]
  • August 2018, Episod 9: Agios o Theos zesumme mam Kannerchouer aus der Pedagogiki Primary School & Olya Eleftheriou & Apostolis Markakis (Byzantinesche Solo) fir Athen, Kulturhaaptstad 1985, Griicheland[15]
  • Oktober 2018, Childhood, Hymn fir 50 Joer SOS Kannerduerf Lëtzebuerg[16].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Ianni – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stéphane Gilbart, Camerata III, SEL, cahier 195, saison 2015/2016
  2. David Ianni, Discographie
  3. Am Video MY URBAN PIANO stellt de Pianist am Dezember 2018 als Ofschloss déi verschidden Episode vu sengem Projet vir.
  4. Sophia Schülke, Klassisch und zugänglich, David Ianni gibt morgen sein Abschlusskonzert „My Urban Piano“ im CAPE in Ettelbrück op wort.lu an am LW 8.11.2018 S.13
  5. De Video MAMA gouf den 13. Juni 2016 verëffentlecht.
  6. De Video Train of Dreams gouf de 26. Abrëll 2017 verëffentlecht.
  7. De Video Heartland gouf de 27. Juni zu Esch-Uelzecht an der Kulturfabrik verëffentlecht. De "raschtege" Piano steet zanter hir an der Kulturfabrik am "Ratelach".
  8. De Video Joy gouf de 14. September zu Schëffleng am Kader vum Ferriminera Festival verëffentlecht.
  9. De Video River of Love gouf de 4. Dezember 2017 an Zesummenaarbecht mat de Prager Philharmoniker verëffentlecht.
  10. De Video Snowflakes gouf den 23. Dezember 2017 zum Gedenken un d'Lisa Berg verëffentlecht.
  11. De Video Parallel Worlds gouf de 25. Februar 2018 am Veianer Schlass verëffentlecht.
  12. De Video Friends gouf de 24. Mäerz 2018 am Kader vum Relais pour la Vie an der Coque verëffentlecht. Mat dësem Video setzt hien och en Zeeche géint de Bluttkriibs. De Piano, deen nom Design vum Raphael Gindt a mat de Kanner aus der Mercator Grundschule vu Berlin kënschtleresch zum "Hoffnungspiano" gestalt gouf, gou zu Gonschte vun DKMS Däitschland (Deutsche Knochenmarkspenderdatei) versteet.
  13. De Video Butterflies gouf den 13. Juni 2018 am Maacher Lycée verëffentlecht. Eng musikalesch Bréck tëschent Lëtzebuerg an Éisträich gouf geschloen. Esou gouf de Video am Päiperleksgaart Gréiwemaacher an am Schmetterlinghaus vun der Hofburg gefilmt.
  14. De Video Children of Aleppo gouf am Stater Park gedréint.
  15. De Video Agios o Theos gouf op Léiffrawëschdag 2018 verëffentlecht.
  16. De Video Childhood gouf zesumme mam Orchestre de chambre du Luxembourg ënnert der Leedung vum Pit Brosius opgeholl. De Piano gouf vu Kanner aus dem Kannerduerf kënschtleresch gestalt.