David Černý

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Art template.gif Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
David Černý, Czech sculptor
Dem Černý säi rosa Tanks

Den David Černý, gebuer de 15. Dezember 1967 zu Prag, ass en tschechesche Sculpteur.

Hie gouf international bekannt, wéi en 1991 zu Prag en Tanks op engem Monument fir d'Rout Arméi rosa ugestrach hat, an dofir fir kuerz Zäit an de Prisong koum. Zu Prag si seng meescht Wierker ze gesinn, dorënner den iwwerdimensionale Metronom um Letna-Hiwwel, do wou fréier eng Stalin-Statu stoung; Puppelcher, déi den Televisiouns-Sendemast eropkrauchen, eng nogemaachte Reiderstatu mam Hellege Wenzel, deen op engem doudege Päerd sëtzt, dat d'ënnescht-d'iewescht hänkt oder en Trabant mat Féiss am Gaart vun der däitscher Ambassade.

Fir Opreegung gesuergt hunn och e Waasserbaséng vun him, an de Kontoure vun Tschechien, bei deem zwou maanshéich Statue stinn, déi an de Baseng urinéieren, an deenen hire Stral ee via SMS Wierder "schreiwen" doe kann, an eng Nobildung vum Saddam Hussein, deen, wéi d'Haie vum Damien Hirst, am Formol schwëmmt.

Am Kader vun der tschechescher EU-Conseilspresidence am éischte Semester 2009, huet hien zu Bréissel am Patio vum Justus-Lipsius-Gebai, dem Sëtz vum Conseil vun der Europäescher Unioun, d'Konschtwierk Entropa ausgestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Černý – Biller, Videoen oder Audiodateien