David C. Jewitt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den David C. Jewitt, gebuer am Joer 1958 an England ass Professer fir Astronomie op der University of California, Los Angeles (UCLA).
Den Jewitt hat 1979 op der University of London graduéiert an 1980 am California Institute of Technology promovéiert.
Seng Fuerschunge beschäftege sech besonnesch mat Objete vum baussenzege Sonnesystem an de physikaleschen Eegeschafte vu Koméiten. Zesummen mat der Jane Luu, huet hien 1992 den éischte Kuiper-Ceinture-Objet entdeckt an huet uschléissend Dosende vu Memberen aus där Ceinture identifizéiert.
Doriwwer eraus war hien un der Entdeckung vun 39 klenge Mounde vun de Planéite Jupiter, Saturn, Uranus a Neptun bedeelegt.
Um Spaweck [änneren]
- Curriculum vitae
- Publications
- David Jewitt website
- Video interview on YouTube about the Kuiper belt, Pan-STARRS, and icy main-belt comets