David Reiland

Vu Wikipedia
David Reiland
Gebuer 18. Juni 1979
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Dirigent


Den David Reiland gouf den 18. Juni 1979 gebuer. Hien ass Saxophonist, Dirigent a Komponist.

Zu Arel op der Académie de Musique huet den David Reiland säi Museksstudium ugefaangen, fir duerno domat um Escher Conservatoire, zu Bréissel um Conservatoire royal de musique, zu Paräis op der École Alfred Cortot an um Mozarteum zu Salzburg weiderzefueren.

Am Januar 2011 huet hien d'Nofolleg vum Georges Wagner als Dirigent vun der Escher Stadmusek ugetratt.

Hien ass och Assistent vum Sir Simon Rattle am Age of the Enlightment Orchestra vu London an Dirigent vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.