Davy Jones

Vu Wikipedia
Davy Jones
Gebuertsnumm David Thomas Jones
Gebuer 30. Dezember 1945
Manchester
Gestuerwen 29. Februar 2012
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Museker, Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Liddermécher

Den David Thomas ("Davy") Jones, gebuer den 30. Dezember 1945 zu Manchester, a gestuerwen den 29. Februar 2012 zu Indiantown (Florida), war een englesche Sänger a Schauspiller, dee virun allem dofir bekannt ass, Member vun der Band The Monkees gewiescht ze sinn.

Hien huet als Theaterschauspiller seng Karriär ugefaangen. Wéi e fir seng Roll am Musical Oliver! an der Ed Sullivan Show op der amerikanescher Televisioun interviewt gouf, gesouch en, wéi do d'Beatles hiren éischten Optëtt haten, bei deem d'Meedercher am Publikum total ausgeflippt sinn. "Dat ass et, dat wëll ech och!" sot en an engem Interview, wier seng Reaktioun gewiescht.

Vun 1965 bis 1971 war den Jones Member vun der Pop/Rock-Band The Monkees, déi speziell fir eng Televisiounsserie kreéiert gi war. D'Monkees goungen auserneen, wéi d'Serie opgehalen huet, an den Jones huet eng Solo-Karriär gemaach. Duerno huet hie sech mat aneren zu der Grupp Dolenz, Jones, Boyce & Hart zesummegedoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]