Dawson's Creek

Vu Wikipedia
Dawson's Creek
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 45
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Follgen 128
Éischt Folleg 20. Januar 1998
Staffelen 6
Episoden 128
Ekipp
Iddi Kevin Williamson
Produzent Kevin Williamson
Distributioun Hulu, Netflix
Schauspiller
James Van Der Beek
Katie Holmes
Joshua Jackson
Michelle Williams

Dawson's Creek ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, an déi éischt Folleg ass den 20. Januar 1998 an Amerika gelaf.

D'Jugendserie ass semi-autobiographesch a baséiert op der Kandheet an enger amerikanescher Klengstad vum Schëpfer Kevin Williamson. Den Haaptcharakter, den Dawson Leery, deelt sech mam Williamson seng Interessen a säin Hannergrond. D'Serie gouf zu Wilmington an Durham (North Carolina) gefilmt, spillt awer an enger imaginärer Klengstad am Massachusetts, zu Capeside.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

De Kevin Williamson, aus der Klengstad Oriental (North Carolina), gouf 1995 vum Produzent Paul Stupin ugeschwat, fir e Pilotfilm fir eng nei Televisiounsserie ze schreiwen. De Williamson selwer huet seng Iddi beschriwwen als:

"I pitched it as Some Kind of Wonderful, meets Pump Up the Volume, meets James at 15, meets My So-Called Life, meets Little House on the Prairie".

Den Dawson (James Van Der Beek) an d'Joey (Katie Holmes).

D'Serie huet vun 1997 bis 2003 d'Erwuesseginn vu véier Frënn an der Klengstad Capeside an der Géigend vu Boston beschriwwen. A sechs Staffelen an 128 Episode goufen d'Bezéihunge vun Dawson, Joey, Pacey an Jen ëmmer nees op eng haart Prouf gestallt. Den Dawson, e grousse Spielberg-Fan, dreemt vun enger Filmkarriere, d'Joey, wat nom Doud vu senger Mamm mat senger eelerer Schwëster zesummewunnt, huet Angscht fir ëmmer an der Klengstad gefaangen ze bleiwen. De Pacey, de Bouf vum lokale Sherriff, kann ni d'Erwaardunge vu sengem Papp erfëllen, a kritt ëmmer nees ze héieren, datt hien et souwisou ni wäit brénge wäert. D'Jen gouf vu sengen Elteren vun New York bei seng Groussmamm op Capeside geschéckt, well si de rebelleschen Teenager net bei sech erdroe konnten. D'Andie an den Jack McPhee komme mat hirer geeschteskranker Mamm e bësse méi spéit dobäi. Och d'Andie selwer huet psychesch Problemer, an den Jack wees net sou richteg op en elo éischter op Fraleit oder awer op Männer steet.

Gewise ginn déi lescht Schouljore vun der High School an d'Beméiungen, sech an der Welt vun den Erwuessenen erëmzefannen.

Duersteller[änneren | Quelltext änneren]

Haaptduersteller[änneren | Quelltext änneren]

Schauspiller Roll
James Van Der Beek Dawson Leery
Katie Holmes Josephine Joey Potter
Michelle Williams Jennifer Jen Lindley
Joshua Jackson Pacey Witter
Kerr Smith Jack McPhee
Meredith Monroe Andie McPhee
Busy Philipps Audrey Liddell
Mary Beth Peil Evelyn Grams Ryan

Niewenduersteller[änneren | Quelltext änneren]

Schauspiller Roll
Mary-Margaret Humes Gail Leery
John Wesley Shipp Mitch Leery
Nina Repeta Bessie Potter
Dylan Neal Doug Witter

Gaaschtoptrëtter[änneren | Quelltext änneren]

Matgespillt bei Dawson's Creek hunn ë. a. den Andy Griffith (The Andy Griffith Show, Matlock), de Paul Gleason (The Breakfast Club), d'Rachael Leigh Cook (She's All That), den Jason Behr (Roswell), d'Mimi Rogers (Lost in Space) an d'K Callan (Lois & Clark: The New Adventures of Superman).

Gielercher [1][änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: Teen Choice Award an der Kategorie "TV - Choice Actor" (Joshua Jackson).
  • 2000: GLAAD Media Award an der Kategorie "Outstanding TV Drama Series".
  • 2000: Teen Choice Award an de Kategorien "TV - Choice Actor" (Joshua Jackson) an "TV - Choice Drama".
  • 1999: Teen Choice Award an de Kategorien "TV - Choice Actor" (Joshua Jackson) an "TV - Choice Drama".

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]