DeLisle Stewart

Vu Wikipedia
DeLisle Stewart
Gebuer 16. Mäerz 1870
Gestuerwen 8. Februar 1941
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

Den DeLisle Stewart, gebuer de 16. Mäerz 1870 a gestuerwen den 2. Februar 1941 war en US-amerikaneschen Astronom.

Vun 1896 un huet hien um Harvard-College-Observatoire geschafft a vun 1898 bis 1901 um Observatoire zu Arequipa am Peru wou hie Fotoe gemaach huet, vun deenen der ë. a. e puer dem William Henry Pickering gehollef hu fir de Saturnmound Phoebe z'entdecken. Den DeLisle selwer hat vill nei galaktesch Niwwelen entdeckt.

Duerno huet hien um Observatoire zu Cincinnati, Ohio, bis 1910 geschafft. Do huet hien d'Cincinnati Astronomical Society gegrënnt.

De 14. August 1901 huet hien den Asteroid (475) Ocllo entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]