De Bopebistro Tour

Vu Wikipedia
De Bopebistro Tour
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer Lëtzebuergesch
Première 23. Februar 2014
Dauer 69 min[1]
Ekipp
Regie Yann Tonnar
Fotografie Tom Brucher
Yann Tonnar
Musek Serge Tonnar & Legotrip
Schnëtt Marc Recchia
Produzent Maskénada
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Bopebistro Tour ass en Documentaire vum Lëtzebuerger Regisseur Yann Tonnar. En hat den 23. Februar 2014 Première op RTL Télé Lëtzebuerg.[2]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film dokumentéiert d'Optrëtter vun der lëtzebuergescher Band Serge Tonnar & Legotrip, déi dës 2012 duerch verschidde sougenannt "Bopebistroen" am Land gefouert huet. Dertëscht agebaut sinn Ausschnëtter vu Gespréicher mat de Wiertsleit oder hire Familljememberen. De Film versteet sech deemno als en "ethnolomusikologescht Dokument, iwwer Duerfbiller déi sech änneren, Caféskulturen déi verschwannen, an Erënnerungen déi sech opléisen".[2]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschten Documentaire" nominéiert.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film um Site vum Filmfong
  2. 2,0 2,1 " 'De Bopebistro Tour' vun Yann Tonnar op RTL" op filmreakter.lu
  3. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)