De Letzeburger Bauer

Vu Wikipedia
Entête vum Letzeburger Bauer

De Letzeburger Bauer ass eng lëtzebuergesch Wochenzeitung, déi zanter Januar 2022 vun Agro-Media, enger Firma vum Grupp CEPAL erausgi gëtt. Bis dohi war zanter 1946 d'Centrale paysanne luxembourgeoise (Lëtzebuerger Bauerenzentral) responsabel. Zanter 2021 ass de Chefredakter de Laurent Schüssler, Journalist den Helmut Lui.

Den Ënnertitel ass am Laf vun 2021 changéiert ginn an « Zeitung fir d'Landwirtschaft an d'Liewen am ländleche Raum ».

D'Zeitung beschäftegt sech haaptsächlech mat der landwirtschaftlecher Aktualitéit zu Lëtzebuerg an am Ausland, huet doriwwer eraus awer och ënnert anerem eng Rubrik iwwert d'Reiden.

Am Mee 2021 gouf et ënnert der neier Chefredaktioun e Relaunching vu Layout an Inhalt.

Lieser[änneren | Quelltext änneren]

2005/06 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 3,30 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer De Letzeburger Bauer gelies. 2006/07 waren et 2,90%, 2007/08 2,60% an 2008/09 3,20%.[1] D'Zuele fir 2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2021.I no hunn tëscht Februar 2020 a Februar 2021 an der Moyenne all Woch 16.200 Leit iwwer 15 Joer de Lëtzebuerger Bauer gelies (3,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.gouvernement.lu/publications/informations_gouvernementales/rapports_activite/rapports-activite-2009/01-etat/etat.pdf Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  2. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.

Homepage : https://centralepaysanne.lu/WordPress3/?page_id=90