De Peck-Villchen

Vu Wikipedia
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der satirescher Zäitschrëft 'De Peck-Villchen'. Fir d'toune Päif, kuckt wgl. Péckvillchen.

De Peck-Villchen war eng lëtzebuergesch satiresch Zeitung, déi tëscht 1945 an 1956 erauskomm ass.

De Peck-Villchen ass 1945 vum Albert Simon, dee virum Zweete Weltkrich Zeechnunge fir "De Gukuk" geliwwert huet, gegrënnt ginn.

D'Haaptfigur, ëm déi sech dem Albert Simon säi Witz gedréit huet, war de "Kantonjé".

Den 31. Mäerz 1956, nom Doud vum Simon, ass d'Publikatioun vum "Peck-Villchen" agestalt ginn.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Thiel am Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert – 1900 – 1999 (S. 296), Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 1999, ISBN 2-879554-063-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]