De Poufank

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Veräin De Poufank. Fir de Villche selwer, kuckt wgl. Poufank.
De Poufank
Typ a.s.b.l.
Grënnungsdatum 1984
Sëtz Miersch
Mataarbechter Ongeféier 40 Memberen
Branche Naturismus, FKK
Homepage www.poufank.lu

De Poufank ass e Lëtzebuerger Club fir Naturismus (FKK), deen 1984 gegrënnt gouf a Member vun der Fédération luxembourgeoise de naturisme ass.

Terrain[änneren | Quelltext änneren]

Den Terrain vum De Poufank ass beim Klaushaff tëscht Schëndels a Keespelt. De Klaushaff gehéiert zur Gemeng Helperknapp, awer den Terrain vum Club gehéiert zur Gemeng Miersch. E Schëld mat der Opschrëft ANP (=Association Naturiste Poufank) féiert iwwert e kuerze Wee vum Klaushaff bis op de Parking. De Parking ass fräi fir all Besuch, awer den Terrain ass duerch eng zougespaarte Paart ofgeséchert. D'Memberen, déi de Joresbäitrag fir den Terrain bezuelt hunn, kréien e Schlëssel, deen ee Joer laang passt. Den Terrain an de Parking sinn zesummen iwwert een Hektar grouss, sinn Eegentum vum Club a ginn a fräiwëlleger Aarbecht vu senge Memberen an der Rei gehalen (Wiss méien, Hecken a Beem schneiden, Hierschtblieder asammelen, ...).

Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Terrain ass e Clubhaus mat enger Kichen, engem beheizbare Wunnraum, engem Vestiaire an enger Toilette. Et kann een och waarm oder kal duschen a vun de Gaardemiwwele profitéieren. Eng Grillplaz a vill Plaz fir Sport a Spill ronnen d'Offer of.