De Scholdschäin

Vu Wikipedia
Titelblat

De Scholdschäin (Original Schreifweis: [1]) ass e Kaméidistéck op Lëtzebuergesch aus dem Joer 1855 vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891), deen den Text geschriwwen an d'Musek komponéiert hat. Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 14.

De Scholdschäin ass déi éischt Operett op Lëtzebuergesch a gouf am Joer 1855 uropgefouert an 1856 publizéiert.[2]

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Papschossel, en ale Buchbënner, ass an d'Marrĕ verléift; dem Marrĕ seng Mamm fënnt dat eng gutt Partie. Mä dem Marrĕ säin Häerz schléit fir den Néckel, e Schaarschtechbotzert. De Papschossel probéiert, d'Marrĕ mat engem Scholdschäin z'erpressen. Dëse Scholdschäi war iwwer Suen, déi dem Marrĕ säi verstuerwene Papp beim Papschossel geléint hat. Hien hat d'Suen erëmbezuelt, mä de Scholdschäin net erëmkritt. D'Marrĕ, mat Hëllef vum Néckel, stibitzt de Scholdschäin, an de Papschossel muss sech geschloe ginn...

Rollen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Marrĕ, e jonkt Meedchen;
  • Dem Marrĕ seng Mamm;
  • Den Néckel, e Schuechteschfeeër;
  • De Papschossel, en ale Buchbënner.

Uropféierung[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Spierkel 1855 huet d'Gesankssektioun vun der Gym De Scholdschäin um 18 Auer am deemolege Cercle littéraire mat groussem Erfolleg uropgefouert.[3] De Michel Lentz an den Nic Martha hu Regie gefouert.[4] Well zur deemoleger Zäit keng Fraen hunn däerfen op Bünen optrieden, goufen d'Rollen all vu follgenden Häre gespillt: Victor Hoffmann, Jean Pierre Küntgen, Franz an Albert Poncin.[5]

Dat Bemierkenswäert um Stéck war manner den Inhalt, eng einfach Bestiednesintrig, wéi d'Tatsaach, datt et op Lëtzebuergesch geschriwwen an opgefouert gouf. Um Schluss vun der Uropféierung, bal sou wéi wann d'Schauspiller sech wéilte justifizéieren, trëtt d'Marrĕ op de Proscenium an erkläert dem Public:[6]

Ze scharef kritizeert nét
Dât escht Stéck, wât zu Letzeburéch
Op onnst Dêitsch opgefeert gét.
Huelt ons alt nét ze strèng erduréch.
Mè hâ’ dîr flêicht èng Gretz Pleseer –
Ewe mîr et ze hoffe wo'n –
Dan as et nét fir d'lèschte Keer,
Das mîr îech gudden Owent so'n.

Allerdéngs war De Scholdschäin net dat éischt Theaterstéck op Lëtzebuergesch: Dëst dréit den Titel Prënz Carneval an de Prënz Faaschtdag / E Bild no der Natur a gouf 1849, och vun der Gym, opgefouert.

Diverses[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980 huet de Gesangveräi Sang a Klang véier "Konschtplättercher" mat de véier Personnagen aus dem Scholdschäin bei Villeroy & Boch produzéiere gelooss. D'Zeechnunge si vum Charles Kohl, deen domat den éischte Präis beim Concours fir Theaterdekoren am Dicks-Joer 1955 gewonnen hat.[7]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, Germaine, 2011. "Jamais pièce à Luxembourg n'eut un tel succès": die Uraufführung von Dicks Komedestéck "De Scholtscheîn" am 25. Februar 1855 am Cercle. Ons Stad Nr 96: 48-51 (avril 2011), ill. Luxembourg. Pdf
  • Goetzinger, Germaine, Roger Muller, Nicole Sahl, Josiane Weber, 2009. "Ech sinn e groussen Hexemeeschter": Dicks (1823-1891) Edmond de la Fontaine. Ausstellungskatalog, Miersch: CNL. 275 S.
  • La Fontaine, Edmond de, 1856. De Scholtschein [Musique imprimée]: Koměděstéck an èngem Ackt / Text a Muséck fum Dicks ; Klawěer-Partitur. Letzeburéch: beim V. Bück an V. Hoffmann. 28 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1857. De Scholtschêin: Koměděstéck an èngem Ackt / Tèxt a Muséck fum Dicks. Zwét Éditiǒn. Letzeburéch: V. Bück. 32 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1866. De Scholtscheîn: Koměděstéck an èngem Ackt / Text a Musék fum Dicks. Drett Éditiǒn. Letzeburéch: V. Bück. 32 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1893-1894. Vollständige Gesamt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart / von Dicks ; Clavierauszug mit vollständigem Text. Luxemburg: Wilh. Stomps, 1893-1894, Leipzig, C.G. Röder. [[Partituren] an 12 Hefter]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Des Original-Schreifweis vum Dicks huet den Accent circonflexe iwwer dem /e/ an dem /i/ zesummegespaant, fir den Diphthong ze markéieren. Dat ass mat der Mediawiki-Software nëmmen iwwer dem Ëmwee vun enger mathematescher Formel z'erreechen, déi am Text als PNG-Fichier uegwise gëtt: <math>De\ Scholtsch\widehat{ei}n</math>.
  2. Cf. La Fontaine 1856 an der Literatur.
  3. Op der Titelsäit vun der zweeter Oplo steet: "Zum ěschtemol opgefěert fun der Turnergesèllschaft, zu Letzeburéch, den 25 Spirkel 1855". Cf. La Fontaine 1857 an der Literatur.
  4. Den Nic Martha war 1849 Grënnungspresident vun der Gym.
  5. Den éischten Hiwäis fir eng Schauspillerin op enger Bün zu Lëtzebuerg ass am Joer 1886 am Landwirth ze fannen, bei enger Virstellung vum Kaméidistéck Den Här an d'Madame Tullepant zu Dikrech (cf. Goetzinger et al. 2009: 112 an der Literatur)
  6. Quell vun dësem Kapitel: Goetzinger 2011: an der Literatur.
  7. Konschtplättercher vum Sang a Klang. In: Sang & Klang Pafendall 2007, S. 83. Broschür déi beim 150. Anniversaire vum Veräin erauskoum. Éditions Sang & Klang Pafendall, Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg.