De Superjhemp an déi grouss Gefor
De Superjhemp an déi Grouss Gefor ass den 21. Album vun der Superjhemp-Serie a koum Enn 2007 eraus.
An där Geschicht huelen d'Auteuren d'Angscht virum Klimawandel op d'Schëpp a maachen de Geck mat deene Gréngen hirem hekteschen Aktivismus an deem Zesummenhank. De Romain Hilgert mengt am Lëtzebuerger Land, se géifen den Ökofaschismus attackéieren a bescheinegt hinne wéi all grouss Literatur, gesellschaftlech Entwécklunge viraus ze gesinn.
[änneren] D'Geschicht am Resumé
Zu Luxusbuerg gëtt vun der Regierung e Klimarot agesat, dee vum Blondie Schnéiwäiss a vum Fränz Baushrek geleet gëtt, an dee soll Mesüren ergräifen, fir dem Klimawandel entgéintzesteieren. Gläichzäiteg gëtt eng Klimapolizei oder KLIPO geschaf, där hir Aufgab et ass, ze kontrolléieren, ob d’Luxusbuerger sech un dat nei gestëmmte Klimagesetz halen. De Charel Kuddel geheit zwéi vun deene Schnëffeler aus dem Haus a kritt sech mat sengem ökofixéierten Noper an d’Hoer. Gläichzäiteg erschéngen him a senger anerer Identitéit als Superjhemp d’Presenz vun ëmmer méi Wandrieder an d’Macheschafte vun enger op Klimaanlage spezialiséierter Firma extrem suspekt. A wéi d'Land op eemol ënnert enger Kachkéispenurie leide muss, well e Brandstëfter d'Kachkéisfabréck vun der Juxlait niddergebrannt huet an et ëmmer méi waarm op der Äerd gëtt, well de Bloe Planéit lues a lues der Sonn entgéintdrift, decidéiert de Superjhemp esou e Wandrad mol vu bannen ze ënnersichen. Do erwaart hien dann eng fatzeg Iwwerraschung…
An deem Album gëtt de Charel Kuddel mat senger Vergaangenheet konfrontéiert. Hie gesäit en ale Schoulkamerod erëm a stellt fest, datt deen op déi schif Bunn geroden ass. Aner Highlights an där Geschicht sinn dem Fränz Baushrek seng verzweifelt Versich, ëmweltpolitesch Mesuren z'ergräifen, mat deenen hien een iwwer d'aner Mol grandios op d'Sabbel geet, an dem Krécher seng sarkozyhaft neiräich Attitüden.
[änneren] Spezielles
Speziell un der Grousser Gefor ass, datt si zesumme mam 22. Album Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel, deen 9 Chrëscht- an aner Geschichten enthält, erauskomm ass, an een déi 2 Albumen fir den 20. Anniversaire vum Superjhemp am Doppelpack an der Souscriptioun an der Revue konnt bestellen.
Ausserdeem kruten alleguer déi, déi sech bei de Signature-Seance vun den Auteure schéi brav an d'Rei gestallt haten, en Autocollant Member of the Superjhemp Fanclub an hiert Buch gepecht, an an 100 exemplaires d'auteur koume speziell fir den enkste Frëndeskrees gedréckten Ex-Librise mam Superdupont a mam Superjhemp eraus.