De Superjhemp géint de Bommeléer

Vu Wikipedia
De Superjhemp géint de Bommeléer
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm November 1988
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band duerno Dynamit fir d'Dynastie


„Edition Revue et corrigée“ (1991)

De Superjhemp géint de Bommeléer ass den 1. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga deen 1988 erauskoum.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Zanter engem Joer gëtt Luxusbuerg vun engem Bommeleeër terroriséiert, deen d'Kachkéisfabréck, d'Bouneschluppfabréck, d'Brauerei, de Palais an de Justizministère an d'Luucht gesprengt huet. Wéi d'Regierung en Erpresserschreiwes kritt, ass kloer datt de Bommeleeër, als Deel vun enger internationaler Organisatioun, drop aus ass, fir all d'Banken aus dem Land erauszekréien. Soss géif et mat de Bomme weidergoen, bis datt d'Identitéit vun de Luxusbuerger komplett zerstéiert ass.

An dëser Zäit vu gréisster Nout mellt sech de Superjhemp bei den Autoritéiten an deklaréiert, datt hien dem Bommeleeër d'Handwierk leeë wëll. De Lieser gëtt weider gewuer, datt de Superjhemp nieft senger Geheimidentitéit als Superheld nach e biergerlecht Liewen als Charel Kuddel féiert, engem brave Familljepapp, deen am Ministère fir Ongeléist Problemer, Sektioun vun den Hoffnungslose Fäll, schafft.

De Policeinspekter Schrobiltgen enquêtéiert fir säin Deel bei de Banken, fir erauszefannen, op déi och sou en Erpresserbréif kruten. Säi Wee féiert en als éischt bei d'Bank Rott, déi awer just als Tarnung fir de Chef vun der Terrorband déngt. Well de Schrobiltgen do duerch Zoufall e wichtege Kompliz vun den Terroriste gesäit, huelen déi e fest a spären en an den Tresor an. E kann zwar vun do fortlafen, mä grad wéi en dem Superjhemp erziele wëll, wien den Terroristen hire Kompliz ass, kritt en eng op d'Kopp a verléiert sou säi Verhalt.

Op sech eleng gestallt, fält dem Superjhemp op eemol an, datt hie viru kuerzem als Charel Kuddel am Ministère fir Ongeléist Problemer en Dossier iwwer e gewësse Poli Sprock am Grapp hat, dee grad sou freeschlech geroch huet wéi e Schong, deen de Bommeleeër eng Kéier verluer hat. De Superjhemp flitt direkt a säi Ministère an iwwerrascht do de Bommeleeër, dee keen anere wéi dee Sprock ass, wéi e grad wollt säin Dossier klauen.

No kuerzem Kampf ass de Bommeleeër zwar festgeholl, mä hie wëll säin Opdraggeber net verroden. En plus ass de Rescht vun der Terroristeband ëmmer nach aktiv, grad wéi dee geheimnisvolle Kompliz, deen alles drusetze wäert, fir de Bommeleeër nees aus dem Prisong ze befreien.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum alleréischte Superjhemp-Album gräift kloer d'Bommeleeër-Affär op, déi Lëtzebuerg knapps zwee Joer virdru beweegt huet. Donieft fënnt een awer och kuerz Referenzen op aner Aktualitéitssujeten, wéi d'Erëffnung vum Helleg-Geescht-Tunnel, d'Aweiung vun der Atomzentral zu Kettenuewen oder d'Gruewe vum Eurotunnel ënner der Manche.

An der zweeter Oplo vum Album, déi 1991 nokoum, fënnt een zwou Säite weider wéi an där éischter. Et handelt sech ëm en Epilog, deen de Lien mécht mat engem spéidere Superjhemp-Album.

Personnagen am Album[änneren | Quelltext änneren]

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]