De tweeling (Film 2002)

Vu Wikipedia
De tweeling
Film
Produktiounsland Holland
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2002
Première 2002
Dauer 137 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1
Originalsprooch Hollännesch
Ekipp
Regie Ben Sombogaart
Dréibuch Marieke van der Pol
no engem Roman vum
Tessa de Loo
Fotografie Piotr Kukla
Musek Fons Merkies
Produzent Hanneke Niens
Jani Thiltges
Anton Smit
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Ellen Vogel als Lotte Senior
Gudrun Okras als Anna senior
Thekla Reuten als Lotte
Nadja Uhl als Anna
Julia Koopmans als Lotte als Kand
Sina Richardt als Anna als Kand
Betty Schuurman als Mamm Rockanje
Jaap Spijkers als Papp Rockanje
Roman Knizka als Martin
Margarita Broich als Martha
Ingo Naujoks als Monni Heinrich
Barbara Auer als Charlotte
Jeroen Spitzenberger als David
Jean-Paul Maes als Här Stolz
Germain Wagner als Jacobsmeyer
Marco Lorenzini als Papp Grosalie
Monique Reuter als Liesl
Serge Tonnar
Patrick Hastert
Christian Kmiotek
Sascha Ley
Frédéric Frenay
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Spillfilm De tweeling ass eng hollännesch-lëtzebuergesch Koproduktioun vum hollännesche Filmregisseur Ben Sombogaart aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland 1920. Nom Doud vun hiren Eltere ginn d'Zwillingsschwësteren Anna a Lotte getrennt. D'Lotte déi d'Tuberkulos huet kënnt bei eng Famill an Holland bei där si et gutt huet. D'Anna dat gesond ass, kënnt bei eng Famill an Däitschland déi op engem Bauerenhaff lieft. D'Anna huet et méi schlecht geroden, si muss Dag an Nuecht schaffen.

De Film erzielt dann dat weidert Liewe vum Lotte a vum Anna, a wéi den Zweete Weltkrich dramatesch Auswierkungen op hiert Liewen an hir Bezéiungen huet.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Dréiplaze waren ënner anerem am Äsbechdall, laanscht d'Huel Lee bei Bäerdref, d'Orangerie zu Iechternach, d'Schlass Aansebuerg, d'Walfer Schlass. Dës hunn duergehale fir de Bësch ronderëm Spa, en Härenhaus um Rhäin an eent bei der Oder, souwéi eng Kasär an Däitschland. Kuerz Zeene goufen och ë. a. am Stater Zerkel, an an der Fiels gedréint.

2004 war De Tweeling nominéiert fir den Oscar fir de beschte friemsproochege Film, deen en awer net gewonnen huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]