Deborah Kerr

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Deborah Kerr an An Affair to Remember (1957)

D'Deborah Jane Kerr-Trimmer, gebuer den 30. September 1921 zu Helensburgh, Schottland, a gestuerwen de 16. Oktober 2007 an der Grofschaft Suffolk, war eng schottesch Schauspillerin.

[änneren] Biographie

D'Deborah Kerr huet als jonkt Meedche Ballet geléiert. Geschwë kritt se Kontakt mam Theater, wou se Ufanks Niewerollen a Shakespearestécker gespillt huet. 1940 hat se hir éischt Roll an engem Film, neemlech eng Nieweroll a Contraband vum Michael Powell an Emeric Pressburger. Hir éischt Haaptroll hat se a Major Barbara vun 1941. An de Joren dono gouf se déi beléifste britesch Schauspillerin. Hollywood huet dat matkritt, an esou krut se e Contract bei der MGM. Hiren éischte Film an Amerika war The Hucksters (1947) wou se nieft dem Clark Gable d'Haaptroll hat. Rollen a Filmer wéi Quo Vadis oder From Here to Eternity (mam Burt Lancaster) hu se bekannt gemaach. Dacks huet se eng moudesch gekleete jonk Damm gespillt. Dee populärste Film vun hirer Carrière war The King and I.

1969 huet si hirer Filmcarrière en Enn gesat, ass awer nach an Televisiounsproduktiounen an Theaterstécker opgetrueden.

[änneren] Filmographie (Selectioun)


Commons: Deborah Kerr – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen