Debt of Honor

Vu Wikipedia

Debt of Honor (de: Ehrenschuld) ass e Polit-Thriller vum Tom Clancy aus dem Joer 1994.

Et ass de siwente Roman, nom Without Remorse, aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan. Chronologesch gesinn ass et awer den aachten aus der Serie.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'USA stinn aussepolitesch erëm virun enger Katastroph. Den Jack Ryan, den neie Sécherheetsberoder vum President, huet eng haart Aarbecht viru sech.

Duerch de Rascht an engem Tank vun engem japaneschen Importauto kënnt et zum "Trade Reform Act", engem Gesetz, dat den Handel tëscht Japan an den USA staark aschränkt an der Ekonomie vu Japan schuet. D'Japaner am Géigenzuch bréngen déi amerikanesch Bourse zu New York zum Ofstierzen. Ausserdeem besetze si nach déi amerikanesch Nërdlech Marianen-Inselen am Pazifik. Duerch den Asaz vun AWACS, Fligerdréier, Kampfjetten a Comanche-Helikoptere ginn d'Japaner zur Kapitulatioun gezwongen. Kuerz nodeem den Jack Ryan zum Vizepresident ernannt gouf, leeden d'Japaner eng Kamikazeaktioun an d'Wee an e Fliger flitt an de Kapitol zu Washington wou grad de Kongress sech versammelt huet.

Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

  • Däitsch Editioun, 1996: Ehrenschuld, ISBN 345312507
Bicher vum Tom Clancy

Fiktioun:
1980: The Hunt for Red October | Red Storm Rising | Patriot Games | The Cardinal of the Kremlin | Clear and Present Danger
1990: The Sum of All Fears | Without Remorse | Debt of Honor | Executive Orders | SSN | Rainbow Six
2000: The Bear and the Dragon | Red Rabbit | The Teeth of the Tiger


Net-Fiktioun:
1990: Submarine | Armored Cav | Fighter Wing | Marine | Into the Storm | Airborne | Carrier | Every Man a Tiger
2000: Special Forces | Shadow Warriors | Battle Ready