Prümer Deelung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Deelung vu Prüm)
D'Prümer Deelung, Kofferstech aus dem 17. Joerhonnert.

Bei der Prümer Deelung vun 855 huet de Lothaire I. säi Räich ënner sengen dräi Jongen opgedeelt.

Dem Lothaire säi Räich war d'mëttelst Räich, dat sengersäits, beim Traité vu Verdun, aus der Deelung an dräi vum Karel dem Grousse sengem Räich ervirgaange war, a sech vun Zentralitalie bis erop a Friesland gezunn huet.

Zu Prüm (warscheinlech am Schlass vu Schüller), krute vum Lothaire senge Jongen:

Wéi de Charles 863 gestuerwen ass, hu sech seng zwéi Bridder seng Lännereie gedeelt, an 870, wéi och de Lothaire II. gestuerwen ass, hu sech deem seng Monnien, dem Lothaire I. seng Bridder, de Charles de Plakkapp an de Ludwig den Däitschen dee leschte Rescht vum Mëttelste Räich, duerch den Traité vu Meerssen, gedeelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]