Deep Sky

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Etlech astronomesch Niwwelen am Stärebild Orion zielen als Deep-Sky-Objeten

Ënnert dem Begrëff Deep Sky (wiertlech: „déiwen Himmel“) ginn an der Amateurastronomie déijeeneg optesch observéiert Himmelskierper zesummegefaasst, déi sech baussegt eisem Sonnesystem befannen (also keng Asteroiden, Planéiten oder Koméiten), awer keng eenzel Stäre sinn. Zu hinnen zielen ënner anerem all Stärekéip, Niwwel a Galaxiën.

Dem Begrëff Deep Sky läit keng Klassifizéierung vun Objeten geméiss hirer Distanz vir. Tatsächlech kënnen Deep-Sky-Objete relativ no (Messier 45: 430 Liichtjoer), oder och wäit ewech sinn (Messier 51: ongeféier 35 Mio. Liichtjoer).

Inhaltsverzeechnes

Observatioun [änneren]

Déi visuell a fotografesch Observatioun vun Deep-Sky-Objeten ass bei den Amateurastronomen staark beléift. E puer vun dësen Objeten kënnen schonns mat fräiem A gesi ginn, zum Beispill: Andromedaniwwel, den oopene Stärekoup Messier 45, den Orionniwwel an de Kugelstärekoup Messier 22.

Fir eng visuell Observatioun vun Deep-Sky-Objeten soll een awer optesch Instrumenter mat groussen Objektive gebrauchen. Fir d'Observatioun sinn meeschtens kleng Vergréisserungen vu Virdeel, fir datt méiglechst vill Liicht an d'A kënnt. Et kann een dann natierlech d'Vergréisserung fir d'Detailobservatiounen unhiewen.

Vill Deep-Sky-Objete si schonns mat einfachen opteschen Hëllefsmëttelen wéi z. B. mat enger Spektiv ze kucken. Fir Detailobservatiounen gebrauchen d'Hobbyastronomen Spigelteleskope.

Geschicht [änneren]

Verschidden Deep-Sky-Objete waren schonns an der Antikitéit bekannt. Awer eréischt am 18. Joerhonnert, nodeems systematesch no Koméite gesicht gouf, war et wichteg ginn, déi niwweleg aner Himmelsobjeten vun de Koméiten ze ënnerscheeden. De franséischen Astronom Charles Messier huet am 18. Joerhonnert d'Positiounen vun 110 Objete (Messier-Katalog) festgehalen. Zënterhier goufen ëmmer méi vun dësen Objete fonnt. 1888 verfaasst de John Dreyer de berühmten New General Catalogue, an deem ronn 8.000 Objete dra stinn..

Eng wichteg Duerchmusterung war d'Hubble Deep Field 1995, Hubble Deep Field South 1998, an d'Hubble Ultra Deep Field 2004, dat bis dato wäitest astronomescht Bild, dat jeemools am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf.

Deep-Sky-Objete [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]