Deep Space Network

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Internetbanner vum Deep Space Network
Loftfoto vum Deep Space de Canberra-Komplex.

Den Deep Space Network (DSN) ass e Netz vun Parabolantennen, déi zu der Kommunikatioun mat Raumsonde an Satelliten souwéi radio- an radarastronomesche Fuerschungszwecker dengen.

De Jet Propulsion Laboratory bedreift fir d’US-amerikanesch Raumfaartagentur NASA zur Zäit dräi grouss Statioune:

All dräi Anlage befannen sech op hiwwelechen, schuelefërmege Gelänn, fir Stéierungen duerch Radiofrequenzen ze miniméieren. Déi strategesch Plazéierung – d’Statiounen sinn jee ronn 120° oder en Drëttel vum Äerdëmfang vuneneen ewech – erméiglecht trotz der Äerdrotatioun déi konstant Iwwerwaachung vu Satelliten. All Statioun huet niewent klengen Antennen op mannst eng 26-m-, zwou 34-m- an eng 70-m-Antenn.

Fréier gouf et zwou weider grouss Statiounen:

  • Woomera, Australien
  • Johannesburg, Südafrika

Déi éischt grouss Aufgabe fir d’Deep Space Statioune vun der NASA bestoungen an der Kommunikatioun mat interplanetare Raumsonden wéi de Mariner- an de Pioneer-Programm souwéi mat Voyager 1 an Voyager 2.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Deep Space Network – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen