Deftones

Vu Wikipedia

Deftones ass eng US-amerikanesch Band vu Sacramento a Kalifornien, déi 1988 gegrënnt gouf. D'Grupp gëllt als ee vun de wichtege Virreider vum Nu Metal an dem moderne Rock an den 1990er Joren. Haut gëtt si dacks bei de Genre Alternative Metal a Metal gezielt.

Bis elo hunn d'Deftones 7 Studioalben opgeholl, allerdéngs goufen der nëmme 6 verëffentlecht. Hire leschten Album, Diamond Eyes, gouf Enn Abrëll 2010 verëffentlecht a stoung an den däitschen Album-Charts op Plaz 8.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Deftones goufen 1988 vum Chino Moreno (Gesank a Gittar), Stephen Carpenter (Gittar), Abe Cunningham (Batterie) an Dominic Garcia (Bass) gegrënnt. Allerdéngs sinn den Abe Cunningham an den Dominic Garcia no kuerzer Zäit erëm ausgetrueden, fir an enger anerer Band ze spillen. Si goufe vum John Taylor op der Batterie an dem Chi Cheng um Bass ersat. Bis heihin hate se nëmmen eng Demo opgeholl, déi awer net weider bekannt ginn ass. Gläich drop gouf et erëm e Changement: Den John Taylor huet d'Band erëm verlooss a gouf erëm duerch den Abe Cunningham, deen och scho virdrun an der Band war, ersat.

Mat dëser definitiver Besatzung huet d'Band 1995 hiren éischten Album "Adrenaline" opgeholl. Dee war awer net ganz beléift ginn. Eréischt 2 Joer drop goufe se mat hirem zweeten Album "Around the Fur" bekannt. Zanter 2000 gehéiert de Frank Delgado (Turntables, Sampler) offiziell zu der Band. Nach am selwechte Joer hunn d'Deftones mat hirem neien DJ den Album White Pony opgeholl, mat deem hinnen den definitiven Duerchbroch gelongen ass. Et huet elo net méi laang gedauert, bis si hiren éischte Grammy fir "Best Metal Performance" kruten.

3 Joer méi spéit hu si den Album Deftones opgeholl. Duerno hu se eng kleng Paus ageluecht, an där sech déi eenzel Membere mat engem Nieweprojet beschäftegt hunn. Deen nächsten Album koum 2006 ënner dem Numm Saturday Night Wirst eraus. Virdrun hu s'awer nach d'CD B-Sides & Rarities verëffentlecht, eng CD mat Coverversioune vun anere Bands.

Am Joer 2007 sinn d'Deftones erëm an d'Ophuelestudioe gaangen, fir den Album "Eros" opzehuelen. Den 3. November 2008, kuerz virun der geplangter Publikatioun vun "Eros", hat de Bassist Chi Cheng en uergt Autosaccident an ass an e Koma gefall, aus deem hie bis haut nach net erwächt ass. Am Mee 2009 gouf d'Band bekannt, datt si trotzdeem weidermaache wéilt. Als Ersatz vum Cheng gouf de Sergio Vega geholl. Si hunn decidéiert, den Album "Eros" net ze verëffentlechen, bis de Chi Cheng eventuell erëm aus sengem Koma erwächt.

Enn Abrëll 2010 hunn d'Deftones mam Sergio Vega den Album Diamond Eyes publizéiert, deen an den däitschen Charts d'Plaz 8 erreecht huet.

D'Deftones si bis ewell véiermol zu Lëtzebuerg opgetrueden: Den 11. an 12. Juni 2006 zesumme mat Soulfly am Atelier, de 27. Juni 2010 um Rock-A-Field an de 25. November 2010 erëm am Atelier. Déi lescht zwéi Concerten ware mam Sergio Vega um Bass.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studioalben[änneren | Quelltext änneren]

  • 1995: Adrenaline
  • 1997: Around the Fur
  • 2000: White Pony
  • 2003: Deftones
  • 2006: Saturday Night Wrist
  • 2010: Diamond Eyes

Singles an EP'en[änneren | Quelltext änneren]

  • 1995: 7 Words
  • 1996: Bored
  • 1997: Mascara
  • 1998: My Own Summer (Shove It)
  • 1998: Be Quiet and Drive (Far Away)
  • 1999: Live (EP)
  • 2000: Change (In the House of Flies)
  • 2001: Back to School (Mini Maggit) (erschien als CDS und EP)
  • 2003: Minerva
  • 2003: Hexagram
  • 2006: Hole in the Earth
  • 2007: Mein
  • 2010: Rocket Skates
  • 2010: Diamond Eyes

Demos[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: (Like) Linus

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: B-Sides & Rarities

DVD'en[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Music in High Places: Live in Hawaii
  • 2004: Death by Decibels

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: More Maximum: Deftones

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]