Delano (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia

Delano ass eng lëtzebuergesch engleschsproocheg Zäitschrëft, déi sech un déi international Communautéit zu Lëtzebuerg riicht. Hiren Ënnertitel ass Understanding Luxembourg: current affairs, business, lifestyle, culture (op Lëtzebuergesch: Lëtzebuerg verstoen: aktuellt Geschéien, Wirtschaft, Lifestyle, Kultur). Si gëtt vu Maison Moderne publizéiert an ass fir d'éischt am Januar 2011 erauskomm. Delano kënnt aachtmol am Joer mat enger Oplo vu 5.000 Exemplairen eraus.[1]

De Sëtz vun der Redaktioun ass zu Bouneweg. Chefredakter ass den Duncan Roberts.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun op der Säit vu Maison Moderne (gekuckt de 15. Juni 2012)
  2. delano.lu: Contact us (gekuckt de 15. Juni 2012)