Den Escher

Vu Wikipedia

Den Escher ass eng Zäitschrëft déi vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Esch-Uelzecht éditéiert gëtt. D'Zäitschrëft am DIN A4-Format ass a Quadrichromie op Couchéspabeier gedréckt a gëtt gratis mat enger Oplo vu 15.000 Exemplairen un d'Stéit vun der Gemeng Esch-Uelzecht verdeelt. Ufanks koumen ongeféier 3 Ausgabe pro Joer eraus, bei méi rezenten Nummeren huet dës Frequenz awer ofgeholl.

Déi éischt Nummer koum am September 2004 eraus. Responsabele Service ass de Service relations publiques vun der Stad Esch-Uelzecht. Am Dezember 2021 koum déi 50. Nummer eraus.

D'Konzept ass et, d'Diversitéit vun der Stad Esch a sengen Awunner, grouss Projeten, déi verschidde Servicer vun der Gemeng, Veräiner, asw. an Text a Bild ze presentéieren.[1]

All Ausgaben, vun 2004 un, kënnen um Spaweck virtuell duerchbliedert ginn. Och d'Erofluede vun der Zäitschrëft ass méiglech.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. " 'Den Escher' en 50 couvertures..." Den EscherNr.50,S.12-13.